Eskimo

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Eskimo, vum Franséischen Esquimaux, ass de Sammelnumm fir déi Indigen Vëlker am nërdleche Polargebitt, déi op engem Gebitt tëscht Nordostsibirien iwwer d'Beringstrooss an d'arktesch Regioune vun Alaska a vu Kanada bis a Grönland liewen. Déi zwou Haaptgruppe sinn d'Inuit am Norde vu Kanada an op Grönland, an d'Yupik op der russescher Tschuktschen-Hallefinsel an an Alaska. Méi kleng Gruppe sinn d'Kalaallit a Grönland an d'Inupiat an Alaska. Och mat hinne Famill sinn d'Aleuten, d'Urawunner vun Alaska. Hir Sproochen zielen zu der Eskimo-aleutescher Sproochefamill.

De Begrëff "Eskimo" ass eréischt zanter dem 17. Joerhonnert bekannt, woubäi seng Etymologie net eendeiteg gekläert ass. Et gëtt ugeholl, den Numm kéim vun de Cree- an Algonkin-Indianer, déi sou d'Vëlker aus dem Polargebitt genannt hunn, an deen an hire Sproochen entweder "Schnéischong-Flechter" oder "Leit aus dem Norden" géif heeschen. Déi Betraffe nenne sech selwer, jee nodeem, Inuit, Yupik, Inuvialuit oder Inupiat (wat "Mënschen" heescht).

Et gëtt am Ganzen eng 160.000 Eskimoen am Arktisgebitt, wouvun der eng 50.000 a Grönland liewen, ronn 60.000 a Kanada – dovun d'Hallschent am Territoire Nunavut – an an Alaska ronn 30.000. Weider 10 bis 20.000 liewen am Tschukotka am Nordoste vu Sibirien.