Op den Inhalt sprangen

Eugène Nickels

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Eugène Nickels
Gebuer 15. September 1891
Arel
Gestuerwen 11. Oktober 1961
Luerenzweiler
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Fonctioun Buergermeeschter
Stroosseschëld vun der Rue Eugène Nickels.

Den Eugène Nickels (genannt Berens Ugen[1]), gebuer de 15. September 1891 zu Arel[2], a gestuerwen den 11. Oktober 1961 zu Luerenzweiler[3], war e lëtzebuergesche Lokalpolitiker.

Vu Beruff war den Eugène Nickels Aarbechter, zum Schluss Viraarbechter, op der Dummeldenger Schmelz, wou hie vun 1911 u 43 Joer geschafft huet. Hie war och bis kuerz viru sengem Doud 27 Joer laang Koschter an der Parkierch vu Luerenzweiler.[1]

1935 gouf hien eng éischt Kéier an de Gemengerot vu Luerenzweiler gewielt, an zanterhier all Kéiers erëmgewielt. Hie war vun 1946 bis zu sengem Doud, 1961, Buergermeeschter vun där Gemeng.[1]

Fir un hien z'erënneren, gouf zu Luerenzweiler eng Strooss, d'Rue Eugène-Nickels[4], no him genannt.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 3 "In memoriam Bürgermeister Eugène Nickels". In: Luxemburger Wort, 114. Jg., n° 291 (18.10.1961), p. 4. [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  2. Den Eugène Nickels op www.luxracines.lu
  3. "Avis de décès 2 Page 11". In: Luxemburger Wort, 114. Jg., n° 286 (13.10.1961), p. 11 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  4. L-7377.