Op den Inhalt sprangen

Kierch Luerenzweiler

Vu Wikipedia
Kierch vu Luerenzweiler
Kierch vu Luerenzweiler (2024)

Kierch vu Luerenzweiler (2024)
Kierch vu Luerenzweiler (2024)
Uertschaft / PlazLuerenzweiler
Par Par Miersch
Saint-François
Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Laurentius
Koordinaten 49° 42’ 03.5’’ N
      06° 08’ 39.9’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Luerenzweiler ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Miersch Saint-François, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Luerenzweiler gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Laurentius, deem säi Fest den 10. August gefeiert gëtt.

D'Kierch steet am alen Duerfkär an der rue St. Laurent. Hanner der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

De 15. Januar 2025 goufen d'Kierch an de Kierfecht als national Kulturierfschafft klasséiert.[1]

Zur fréierer Par Luerenzweiler gehéieren ausser der Parkierch vu Luerenzweiler och nach d'Filialkierch vu Boufer an d'Filialkierch vun Hënsdref.

 Commons: Kierch Luerenzweiler – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 18. November 2025).
Kierch vu Luerenzweiler vun Norde gesinn