Eugenia Osterberger

Vu Wikipedia
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Eugenia Osterberger
Gebuer 20. Dezember 1852
Santiago de Compostela
Gestuerwen 8. Februar 1932
Nice
Nationalitéit Spuenien
Aktivitéit Komponist, Pianist

D'Eugenia Osterberger, gebuer als Prudencia Eugenia Juana Osterberger Luard den 20. Dezember 1852 zu Santiago de Compostela[1] a gestuerwen den 8. Februar 1932[2] zu Nice a Frankräich, war eng spuenesch Komponistin a Pianistin aus der Zäit vun der Romantik[3][4]. No dem Bestietnes gouf si och als Mme Saunier ernimmt[2].

Si ass an enger Famill vun elsassescher Ofstamung op d'Welt komm. Vun 9 Joerun huet si ëffentlech Piano gespillt[5].

D'Osterberger war déi eenzeg Belle-Époque-Musekerin aus Galicien[5]. Si war d'Autorin vu Salonkompositioune fir de Piano, ënner anerem: Méditacition (Nocturne), Les Hirondelles, Lucia (Walzen), Pavana Louis XIII (Pavan) asw[6]. Si gouf och als Autorin vun der Musek fir italieenesch Lidder (Ma mi dicesti, opus 158, Ove sei?) a fir spuenesch a galicesch Lidder (¡Adiós, Galicia!, Ausencia, Falas de nai, ...) bekannt[3]. D'Musekskompositiounen a Lidder vun der Osterberger hunn dacks vill galicesch Motiver[4].

D'Eugenia Osterberger war eng vun den éischte Membere vun der Kinneklecher Akademie vu Galicien[7]. Si war mam franséischen Entreprener François (Francisco) Saunier bestuet[3]. Zanter 1907 huet d'Osterberger a Frankräich gelieft[4]. A Frankräich huet si nach als Musekerin geschafft, hir Museksaktivitéit an der neier Land war awer manner bekannt. Si ass gestuerwen zu Nice[2].

D'Figur vun der Osterberger gouf souguer a Galicien ganz wéineg bekannt, allerdéngs haut den Interessi un der Osterberger erhéicht ass. Si gouf als eng vun den notabele Figure vun der galicescher Musek consideréiert[5],[8],[9].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eugenia Osterberger – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. https://academia.gal/novas/-/asset_publisher/E4jf/content/id/401520
  2. 2,0 2,1 2,2 http://www.elcorreogallego.es/opinion/firmas/ecg/ramon-g-balado-eugenia-osterberger-compositora-galega-da-belle-epoque/idEdicion-2017-03-30/idNoticia-1048348/
  3. 3,0 3,1 3,2 https://www.mundoclasico.com/articulo/19152/Eugenia-Osterberger-recuperar-la-memoria-hist%C3%B3rica
  4. 4,0 4,1 4,2 http://igualdade.xunta.gal/gl/protagonistas/eugenia-osterberger
  5. 5,0 5,1 5,2 http://praza.gal/cultura/14373/unha-muller-non-podia-tocar-musica-so-un-pouquino-para-adornar-o-seu-curriculo-e-casar-ben/
  6. Archive copy Gearchiveerd op 2018-01-02. Gekuckt de(n) 2018-03-18.
  7. http://biblioteca.galiciana.gal/gl/catalogo_imagenes/grupo.cmd?path=1157760&interno=S&posicion=14&presentacion=pagina
  8. Archive copy Gearchiveerd op 2018-02-14. Gekuckt de(n) 2018-03-17.
  9. https://www.lavozdegalicia.es/noticia/cultura/2014/06/12/galicia-redescubre-olvidada-gran-compositora-siglo-xix/0003_201406G12P42991.htm