Europäescht Amt fir Zesummenaarbecht

Vu Wikipedia

D'Europäescht Amt fir Zesummenaarbecht (EuropeAid) ass eng Administratioun vun der Europäeschen Unioun, déi mat der Verwaltung vun der EU-Aussenhëllef befaasst ass.

EuropeAid gouf 2001 opgrond vun enger Decisioun vun der Europäescher Kommissioun gegrënnt. D'EU-Aussenhëllef ass en Instrumentarium fir d'international Roll vun der EU ze stäerken. Dozou gehéiert ënner anerem den „Europäeschen Entwécklungsfong fir d'AKP-Staaten“. Ronn 150 Länner, Regiounen an Organisatioune kréien iwwer d'EU-Aussenhëllef eng Ënnerstëtzung. Dorënner sinn och ënner aneren d'Länner vum Westbalkan oder fréier Sowjetrepubliken.

D'Europäescht Amt fir Zesummenaarbecht iwwerhëlt de Management vu Projeten, deenen hir Ziler vun der Europäescher Kommissioun beschloss ginn. Dofir si vun EuropeAid déi noutwenneg Instrumenter a Mechanisme fir Verwaltung, Iwwerrwaachung, Ënnerstëtzung a Kontroll op d'Bee gesat ginn.

Struktur[änneren | Quelltext änneren]

EuropeAid ass eng Generaldirektioun, also eng Déngschtstell vun der Kommissioun, an ënnersteet 2004-2009 der Kommissärin fir Aussebezéiungen, Benita Ferrero-Waldner. Déi ënnergeuerdnet Direktioune sinn:

  • A - Europa, Südlecher Mëtelmierraum, Noen Osten an Noperschaftspolitik
  • B - Latäinamerika
  • C - subsaharescht Afrika, Karibesche Raum, Pazifescher Ozean
  • D - Asien a Zentralasien
  • E - Moossname fir Qualitéitsverbesserungen
  • F - Allgemeng Ënnerstëtzung vun de Moossnamen
  • G - Ressourcen

D'Hëllef gëtt iwwer 3 Weeër verdeelt:

  • Projeten, déi direkt vun EuropeAid finanzéiert an iwwerwaacht ginn;
  • Projeten, déi iwwer d'Strukture vun de Länner, deene se zegutt kommen, ausgefgouert ginn;
  • Projeten, déi iwwer aner international Organisatiounen, wéi d'Vereent Natiounen, d'Weltbank, asw., ausgefouert ginn.

11,3 % vun all Entwécklungshëllef op der Welt gi vun EuropeAid verdeelt. 2007 waren dat 6,7 Milliarden Euro. Domat ass EuropeAid dee weltwäit drëttgréissten Donnateur vun Entwécklungshëllef. (Zielt een d'Entwécklungshëllef vun den EU-Memberstaaten dobäi, kënnt een op 60 % vun der weltwäiter Entwécklungshëllef fir d'Europäesch Unioun - zum Verglach: D'USA ginn 21 %).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]