Europäeschen Astronautenzentrum

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) European Astronaut Centre)

Den Europäeschen Astronautenzentrum (engl. European Astronaut Centre, EAC) ass déi zentral Ariichtung vun der Europäescher Weltraumorganisatioun (ESA) fir d'Ausbildung vu Raumfuerer. E läit um Terrain vum Däitschen Zentrum fir Loft- a Raumfaart (DLR) zu Köln-Porz.

Am EAC trainéiert ënner anerem den Europäeschen Astronautekorps fir Weltraumasätz, haaptsächlech op der Internationaler Raumstatioun (ISS).

1990 hat den ESA-Ministerrot (de Gremium, an deem d'Fuerschungsministere vun alle Memberstaate vertruede sinn an d'Grondsazentscheedungen trëfft) beschloss, datt Europa en eegenen Astronautekorps an eng eege bemannt Raumfaart brauch. Allerdéngs gëtt, no Iwwerleeungen, Europa (resp. d'ESA) keen eegent bemannt Startsystem entwéckelt, mä nëmmen zesumme mat den US-amerikanesche Space Shuttlen oder russesche Sojus-Raumschëffer an den All geflunn.

Am Kader vum ISS-Programm trainéieren am EAC net nëmmen europäesch Astronauten, mä och russesch, amerikanesch, kanadesch a japanesch Raumfuerer. De Vertrag fir de Betrib vun der Statioun gesäit vir, datt déi um Projet bedeelegt Raumfuerer mat allen Trainingsariichtungen trainéieren däerfen. Déi wichtegst Trainingsprogrammer ëmfaassen d'Ausbildung fir den Zoubrénger ATV an den europäesche Weltraumlaboratoire Columbus.

Am EAC steet den déifste Schwammbaseng vun Europa. Et ass 17 x 22 m breet an huet eng Déift vun 10 m. Hei ginn schwéierelosegkeetsähnlech Bedingungen a Baussenasätz am All geprouft. Dofir gi Modeller vu grousse Raumstatiounsmoduler an de Baseng gedaucht.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Commons: European Astronaut Centre – Biller, Videoen oder Audiodateien

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]