FC Schëffleng 95
FC Schëffleng 95 | ||||
Offiziellen Numm: | FC Schëffleng 95 | |||
---|---|---|---|---|
Veräinsfaarwen: | gréng a giel | |||
Grënnung: | 21. Abrëll 1995 | |||
Stadion: | Terrain 1 (Stade municipal) Terrain 2 (Parkstrooss) | |||
Plazen: | 3.100 | |||
President: | Paulo Marchiano | |||
Liga: | Éierepromotioun | |||
Saison: | 2021/22 | |||
Positioun: | 7. Plaz | |||
|
Den FC Schëffleng 95 ass e Fussballclub zu Schëffleng.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Den FC Schëffleng 95 ass den 21. Abrëll 1995 gegrënnt ginn. En huet de rechtleche Statut vun enger a.s.b.l.. Den éischte President war de John Heinz. De Veräin ass aus der Fusioun vun de Schëfflenger Foussballclibb The National (1912 gegrënnt) an Amis des Sports (1936 gegrënnt) ervirgaang. D'Veräinsfaarwe si giel a gréng: déi vun The National ware giel a schwaarz an déi vun den Amis des Sports gréng a wäiss.
The National war 1952 Lëtzebuerger Foussballmeeschter an 1960 Gewënner vun der Coupe. Nom Ofstig aus der Nationaldivisioun 1974 ass de Veräin an de follgende Jore bis an d'drëtt Divisioun duerchgereecht ginn a huet et net méi gepackt, zu den Top-Ekippen am Land ze gehéieren. D'Foussballer vun den Amis des Sports waren ni esou erfollegräich, hir gréisst Victoire war den Opstig an d'éischt Divisoun 1946 a 1991.
Hir éischt Saison huet dem FC Schëffleng 95 seng Härenekipp an der éischter Divisioun gespillt. Um Enn vun der Saison stoung s'op der éischter Plaz, a konnt sou an d'Éierepromotioun klammen.
No dräi Joer an der Éierepromotioun ass de Club du fir d'Saison 1999/2000 an d'Nationaldivisioun komm, mä konnt sech net do halen. D'Saison drop, 2000/2001, ass en nach weider gefall an huet erëm an der éischter Divisioun gespillt.
An där Divisioun ass d'Härenekipp no enger Saison Champion ginn a si konnt sech zwou weider Saisonen an der Éierepromotioun halen. Vu Mëtt der 2000er Jore bis 2020 huet d'Ekipp an der éischter oder an der zweeter Divisioun gespillt.
Wéinst der d'Fusioun vun de Veräiner FC Blue Boys Muhlenbach an RM Hamm Benfica zum FC Luxembourg City am Summer 2020 ass den FC Schëffleng no der Saison 2019/2020 als beschten Tabellenzweete vun de béide Bezierker vun der éischter Divisioun (1. Bezierk - Norden, 2. Bezierk - Süden) an d'Éierepromotioun opgestigen an där e bis haut spillt.
Aktuelles
[änneren | Quelltext änneren]- Mat iwwer 400 lizenséierte Memberen ass den FC Schëffleng 95 mat Ofstand de gréisste Schëfflenger Veräin
- An der Saison 2022/23 spillt d'éischt Ekipp an der Éierepromotioun
- 5 Arbittere goufen beim Fc Schëffleng ausgebilt a sinn nach ëmmer am Veräin
Erfolleger
[änneren | Quelltext änneren]Als FC Schëffleng 95
[änneren | Quelltext änneren]- Vize-Champion Éierepromotioun: 1998/99
- Opstig an d'Éierepromotioun: 1995/96 (als Meeschter), 2001/02 (als Meeschter), 2019/20
Als The National (1912-1995)
[änneren | Quelltext änneren]- Lëtzebuerger Fussballmeeschter: 1951/52
- Gewënner Coupe de Luxembourg: 1959/60
- Finalist Coupe de Luxembourg: 1937/38
- Champion Éierepromotioun: 1929/30, 1957/58, 1970/71
Als Amis des Sports
[änneren | Quelltext änneren]- Champion 2. Divisioun 1945/46, 1990/91
Bekannt Spiller
[änneren | Quelltext änneren]- De Miralem Pjanić huet seng Carrière 1995 an der Jugendekipp vum FC Schëffleng 95 ugefaangen.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Portal Sport
- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympionicken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer