Falunrout

Vu Wikipedia
D'Pigmentfabréck zu Falun

Falunrout, op Schweedesch Falu rödfärg oder Faluröd, ass en däischterrout Faarfpigment, dat aus enger schweedescher Koffergrouf staamt, déi 1992 zougemaach gouf, an haut e Musée ass, deen 2001 vun der UNESCO op d'Lëscht vun de Weltierwe gesat gouf.

Faarfwäerter[änneren | Quelltext änneren]

Wat dran ass[änneren | Quelltext änneren]

Am Falunrout ass zerfalen, moert Kofferäerz, an deem Eisenoxid mat Aluminium-, Zénk-, Koffer a Bläisilikater dra sinn. Dowéinst ass de Pigment en Offalprodukt vun der Faluner Grouf, dat a Waasser opgeléist zu Faarf verschafft gëtt. Den Numm Falu rödfärg ass patentéiert an am echte Falunrout musse mindestens 18 % vum Gewiicht Pigmenter sinn, bei der Faarf, déi mam Pinsel oder mam Rullo opbruecht gëtt. Bei der Faarf, déi gesprëtzt gëtt mussen et der 15 % sinn. Weider musse wéinstens 8 % vum Gewiicht Läinueleg sinn. Den Eisevitrioul an der Faarf hëlleft, d'Holz ze konservéieren.

Ausser fir d'Pigmenter ass d'Falugrouf nach bekannt wéinst der Falukorv, der Faluzoossiss, där hir Originnen och op d'Koffergrouf zeréckginn.