Familljenzesummeféierung

Vu Wikipedia

D'Familljenzesummeféierung ass e Recht dat a a ville Länner engem Resident mat Openthaltsgenemegung zougestanne gëtt, am But vun der Kreatioun oder dem Oprechterhale vun der Familljeneenhet, de Rescht vu senger Famill a säi Residenzland nozehuelen.

D'rechtlech Bestëmmungen an deenen eenzele Länner ënnerscheede sech zum Deel massiv. Dacks ass d'Recht op Familljenzesummeféierung op de bestuete Partner an d'mannerjärege Kanner vum Resident limitéiert, heiansdo kënnen awer och d'Eltere vum Resident, den net bestuete Partner oder seng erwuesse Kanner dovu profitéieren. All Staat weit individuell of tëscht dem Recht als Famill zesummenzeliewen a sengem eegene Recht fir d'Immigratioun ze kontrolléieren.

EU Recht[änneren | Quelltext änneren]

D'Direktiv 2003/86/CE vum 22. September 2003[1] setzt de minimale Kader fir d'Memberlänner fest bannent deem d'Familljenzesummeféierung z'erlaben ass.

D'Direktiv erlaabt EU Auslänner, mat regulärer Openthaltsgenemegung vun op d'mannst engem Joer an dem berechtegtem Hoffes fir eng permanent Openthaltsgenemegung ze kréien (dovun ausgeholl Asylanten déi nach kee Flüchtlingsstatus hunn), fir hire bestuete Partner an d'mannerjäreg Kanner vu sech an/oder hirem bestuete Partner an hiert d'neit Residenzland nozehuelen. All Demande muss bannent néng Méint traitéiert ginn an eng schrëftlech Äntwert kréien. Eng negativ Äntwert muss motivéiert ginn a si muss kënne viru Geriicht contestéiert ginn.

Lëtzebuerger Recht[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg gëtt d'Familljenzesummeféierung duerch d'Artikelen 12-22 vum Gesetz vum 29. August 2008 iwwer d'fräi Circulatioun vun de Persounen an d'Immigratioun regéiert[2].

All EU Bierger deen zu Lëtzebuerg legal lieft huet d'Recht op d'Familljenzesummeféierung mat:

  • sengem bestueten oder gepacste Partner
  • senge Kanner oder deene vu sengem Partner, déi manner wéi 21 Joer hunn an him oder sengem Partner zu Laaschte sinn
  • sengen Elteren oder deene vu sengem Partner, déi him oder sengem Partner zu Laaschte sinn (an der Praxis duerch reegelméisseg Suentransferten zanter op d'mannst 6 Méint virun der Demande)

Den Ausseminister kann d'Familljenzesummeféierung ebenfalls erlaben tëscht dem EU Bierger an:

  • all aner Member vu senger Famill (awer net vu sengem Partner), deen him am Ausland zu Laaschte war oder zu sengem Stot gehéiert huet oder deen aus eeschte gesondheetleche Grënn onbedéngt op hie perséinlech ugewisen ass
  • sengem net-offizialiséierte Partner, mat deem eng bestänneg Relatioun besteet, déi ë. a. duerch eng Cohabitatioun vun op d'mannst engem Joer bewise ka ginn, oder duerch d'Existenz vun engem gemeinsame Kand ëm dat sech zesumme gekëmmert gëtt

D'Demande muss bannent 6 Méint traitéiert sinn. Bei enger negativer oder guer kenger Äntwert kann een e Recours maache virum Verwaltungsgeriicht.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Presentatioun (SCADPlus) an den Text vun der Direktiv 2003/86/CE vum Conseil vum 22. September 2003 iwwer d'Recht op Familljenzesummeféierung (JO L 251 vum 3.10.2003, S. 12–18).
  2. Gesetz vum 29. August 2008 iwwer d'fräi Circulatioun vun de Persounen an d'Immigratioun Archivéiert op 2013-10-26. Gekuckt de(n) 2013-08-19.