Felix Mendelssohn

Vu Wikipedia
Felix Mendelssohn
Gebuer 3. Februar 1809
Hamburg
Gestuerwen 4. November 1847
Leipzig
Doudesursaach Hiereschlag
Nationalitéit Kinnekräich Sachsen, Hamburg
Educatioun Humboldt-Universitéit Berlin
Aktivitéit Komponist, Pianist, Organist, Dirigent, Musikolog, Musekspedagog, Universitéitsprofesser, Moler, Schrëftsteller
Member vun Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen

De Jakob Ludwig Felix Mendelssohn Bartholdy, gebuer a méi bekannt als Felix Mendelssohn den 3. Februar 1809 zu Hamburg a gestuerwen de 4. November 1847 zu Leipzig, war en däitschen Dirigent, Pianist a Komponist aus der Epoch vun der Fréiromantik.

No fréiem Succès an Däitschland ass hien uechtert Europa gereest, a gouf absënns a Groussbritannien, wuer en 10-mol higereest ass, gutt opgeholl. Do huet hien och e puer vu sengen Haaptwierker komponéiert. A sengem kuerze Liewe vu just 38 Joer huet hien ë. a. Sinfoniën, Concerti, Oratorien, Stécker fir Piano a Kammermusek komponéiert. Zu sengen haut nach bekanntste Kompositiounen zielen Ein Sommernachtstraum, seng Sinfoniën Nr. 4 ("Italieenesch") an Nr. 3 ("Schottesch"), seng Ouverture Les Hébrides, säi Geieconcerto a säin Oktett fir Sträichinstrumenter.

Him ass och zouzerechnen, datt Barockmuseker, absënns de Johann Sebastian Bach an de Georg Friedrich Händel, déi no engem dräivéierels Joerhonnert zënter hirem Doud praktesch vergiess waren, erëmentdeckt goufen. De Mendelssohn war och ee vun den éischte Komponiste vu senger Zäit, déi de Kontrapunkt nees duerchgesat hunn.

No sengem Doud gouf seng Musek laang schlechtgemaach, sief et well se dem Goût vun der Zäit net entsprach huet, sief et aus Antisemitismus (d'Nazien hu se carrément verbueden, well se jiddesch wier).

De Felix Mendelssohn ass den Enkel vum Philosoph Moses Mendelssohn an de Brudder vun der Komponistin Fanny Mendelssohn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Felix Mendelssohn – Biller, Videoen oder Audiodateien