Op den Inhalt sprangen

Fennoskandinavien

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Fennoskandia)
Fennoskandinavien

Fennoskandinavien oder Fennoskandia ass eng Bezeechnung fir eng geographesch Regioun an Nordeuropa. Zu dem Gebitt gehéiert d'skandinavesch Hallefinsel, Finnland, d'Hallefinsel Kola a Karelien. Geologesch gehéiert och nach d'nërdlecht Ostmier dozou.

De Begrëff Fennoskandinavien ass virun allem an den Naturwëssenschafte vu Bedeitung.