Fichier Diskussioun:LauraSchroeder.jpg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

ech versti leider net

ech hunn dës Lizenz benotzt

Copyright

Dëst Bild ass duerch Droits d'Auteurs geschützt. D'Benotze vu Biller an niddreger Opléisung fir den Artikel z'illustréieren, deen zum Bild gehéiert, fält am amerikanesche Recht ënnert Fair use. Op dës Lizenz ka sech beruff ginn, well d'Servere vun der Wikimedia Foundation an den USA stinn.

All aner Benotzunge vun dësem Bild kënnen eng Verletzung vun den Droits d'Auteurs sinn. Kommerzielle Gebrauch vun dësem Bild ass och net ouni weideres méiglech.


Kuckt Wikipedia:EDP.

déi gëtt jo awer hei opgefouert Wikipedia:Lizenzschabloune_fir_Biller

Wéi misst et da sinn?

Merci fir kuerze Bescheed --Jwh 09:45, 28. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien,

Lies emol einfach wat alt ërëm eng Kéier um Staminet iwwer déi Billerlizenze geschriwwe gëtt.

D'Fro bei dësem Bild stellt sech just fir den Auteur: Laura Schroeder. Wa si déi Foto selwer gemaach huet oder si Droits d'Auteur dervunner huet ass et vun deem Standpunkt hier an der Rei.

Wat d'Opléisung ugeet: am Fair Use ass eng Opléisung vu 600 op 800 valabel. D'Bild gouf eropgeluet an enger Opléisung vun 1202 x 1536.

Wanns de wëlls kann de dat redresséieren, d.h. d'Foto an enger méi klenger Opléisung frësch eroplueden.

Domatter misst et sech dann hunn. Dat wier dann alt ee Bild méi vun den iwwer 1000 Biller déi ënner der Faire-Use-Lizenz stinn, dat dann an der Rei ass.

Les Meloures 10:28, 28. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]


D'Diskussioun um Staminet (tiens, Spellchecker.lu mengt dat misst Stamminee sinn) huet mech just nach weider verkuerbelt, dofir villmools Merci fir dës, fir mech opd'mannst, kloer a verständlech Äntwert! Déi méi kleng Opléisung ass well do.
Schéinen Dag nach! --Jwh 11:24, 28. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]