Five hundred meter Aperture Spherical Telescope
De Five hundred meter Aperture Spherical Telescope (kuerz FAST) ass e Radioteleskop mat engem Duerchmiesser vun iwwer 500 Meter.
Et ass zanter 2011 am Pingtang-Krees an der Provënz Guizhou am Südweste vu China am Bau. E soll am Joer 2016 fäerdeg ginn, an de gréissten a geneeste Radioteleskop vun der Welt ginn. De Käschtepunkt läit bei 1200 Millioune Yuan, ronn 166 Mio. €. Den Terrain gouf ënner 30 méigleche Standplaze an enger natierlecher Karstmuld erausgesicht.
D'Anlag gläicht där vum Arecibo-Observatoire.[1]
De FAST-Observatoire soll am Frequenzberäich vun 0.3-3.0 GHz bedriwwe ginn.[2],[3]
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
- Websäit vum FAST
- Five-Hundred Meter Aperture Spherical Radio Telescope (FAST) Cable-Suspended Robot Model and Comparison with the Arecibo Observatory