Flender-Pulli

Vu Wikipedia
Flender-Pulli

Eng Flender-Pulli ass eng hëlze Pulli, bei där de Krees an zwou Hallschente gedeelt ass, an d'Deeler vun all Hallschent bestinn aus e puer Loe vun Holzlamellen déi zesummegeläimt a geschrauft goufen. Tëscht de verschiddene Loe vu Lamelle waren Distanzhëlzer sou datt een eng breet Poulie krut, bei engem niddrege Gewiicht. Déi zwou Hallschente goufen op der Well mat Bullonge festgeschrauft.

Sou Poulien huet en haaptsächlech an Ateliere fonnt, an deene méi Maschinne mat Rimmer vun enger Haaptwell aus ugedriwwe goufen.

Den Avantage vun dëse Pullie war, datt s'am Vergläich zu massiven Holzpoulien knapps d'Hallschent vum Gewiicht haten. Doduerch konnte méi schwaach a méi bëlleg Haaptwelle benotzt ginn, a well se aus dënnen Holzlamellen zesummegesat waren, war et och méi einfach, fir se gutt z'equilibréieren. Meeschtens gouf Bichenholz dofir gebraucht, a wa se ganz licht sollte sinn, ass mat Pëppelholz geschafft ginn.

Den Nodeel war datt d'Flender-Pulli net an engem ze warmen oder ze fiichte Raum konnt benotzt ginn.