Läim

Vu Wikipedia

Läim ass no der däitscher DIN 16921 Koll, deen am Waasser opgeléist ass.

Op déi Manéier ass de Begrëff Koll op der Basis vun Eewäiss vum Déier, Hautläim, Schankeläim, Fëschläim erweidert op Koll opgrond vu Planzen an op kënschtleche Koll. De Läim gëtt ënnerdeelt jee nodeem firwat e gebraucht gëtt: Holzläim. Pabeierläim oder Pap.

Am Allgemenge ginn all Kollen, déi aus organescher Matière gemaach sinn, Läim genannt, dozou gehéiere Glutinläim (Schankeläim an Hautläim) an d'Kaseinläimzorten, déi aus Mëllecheewäiss produzéiert ginn.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Am Mëttelalter war et de Vullefänkert, dee kleng Vullen mat Läimrudde gefaangen huet. 20 bis 30 Zentimeter laang Rutte goufen a Läim zezappt an d'd'Vulle goufe mat Bieren oder Fruucht ugelackelt a sinn dann "op de Läim gaangen".
D'Figur vum Vullefänkert ass bekannt aus dem Mozart senger Oper Die Zauberflöte an d'Roll vum Papageno.

De Läim an der Gaardenaarbecht[änneren | Quelltext änneren]

Hautdesdaags gi Läimréng ëm d'Uebstbeem gebonnen, fir ze verhënneren, datt Insekten d'Stämm vun de Beem eropkrabbelen.

De Läim am Lëtzebuergeschen[änneren | Quelltext änneren]

Ausdréck[änneren | Quelltext änneren]

  • de Stull ass wackeleg, en ass "aus dem Läim"
  • kale Läim a warem Neel halen och, soen déi liddereg Schräiner (wann dat mat kalem Läim gepecht Stéck net hält, da gëtt et ugeneelt)
  • lo hu mer de Läim
  • en ass op de Läim gaangen

Mat Läim zesummegesate Wierder[änneren | Quelltext änneren]

  • Läimdigel:de Kessel, an deem de Schräinerläim gekacht gëtt
  • Läimfaarf
  • Läimrutt
  • Läimwaasser: mat Pap gemëscht Waasser fir Tapéit opzehänken
  • Läimert: een, deen Anerer gär drukritt