Fonds national de la recherche
Fonds national de la recherche (FNR) | |
---|---|
Typ | Ëffentlecht Etablissement |
Grënnungsdatum | 31.05.1999 |
Sëtz |
2, Avenue de l'Université L-4365 Esch-Uelzecht |
Generaldirekter |
Martine Reicherts (Presidentin) |
Branche | Fuerschung, Wëssenschaft |
Homepage | www.fnr.lu |
De Fonds national de la recherche, ofgekierzt FNR, ass en ëffentlecht Etablissement zu Lëtzebuerg, dat per Gesetz vum 31. Mee 1999 gegrënnt gouf[1].
Den nationale Fuerschungsfong huet follgend Missiounen:
- de Fuerscher zur Säit stoe fir d'wëssenschaftlech Qualitéit a wichtege sozio-ekonomesche Beräicher ze verbesseren;
- nohalteg zur Entwécklung vun der ëffentlecher Fuerschung zu Lëtzebuerg bäizedroen, besonnesch um Niveau vum Fuerschungspersonal, fir den Impakt vun de ëffentleche Fuerschungsinstitutiounen a vun hiren Aktivitéiten ze verbesseren;
- d'Promotioun vun enger Wëssenschaftskultur, besonnesch bei deene Jonke vu 6 bis 19 Joer. Dofir ass 2007 op Initiativ vum FNR de Groupement ProScience gegrënnt ginn.
Dës Missioune ginn duerch dës Instrumenter implementéiert:
- prioritär Aktiounen;
- pluriannuell Fuerschungsprogrammer;
- Begleetmesuren;
- Promotioun vun der Wëssenschaftskultur;
- Hëllefen bei der Aus- a Weiderbildung vu jonke Fuerscher.
Mister Science
Den FNR huet am Joer 2009 e Personnage an d'Liewe geruff, fir d'Wëssenschaften an d'Lëtzebuerger Fuerschung an de Medie méi populär ze maachen. De Mister Science huet reegelméisseg Optrëtter um Radio an op RTL Télé Lëtzebuerg.
Organisatioun
[änneren | Quelltext änneren]De Fong gëtt vun engem Verwaltungsrot verwalt dee sech aus 12 Memberen zesummesetzt. Sechs Delegéiert gi vu verschiddene Ministère proposéiert iwwerdeems déi aner sechs Membere vum Regierungsrot aus der Zivilgesellschaft proposéiert ginn, opgrond vun hirer Kompetenz an de Beräicher Fuerschung an technologescher Entwécklung.
E Regierungskommissär dee vum Fuerschungsminister genannt gëtt, assistéiert de Verwaltungsrot. Hien huet d'Recht op Informatioun an d'Kontroll iwwer de Fong a seng technesch, administrativ a finanziell Gestioun. Hie kann Decisioune vum Verwaltungsrot en suspens setzen, wann hie vun der Opfaassung ass, datt déi géint Gesetzer, Reglementer oder Verträg mam Staat verstoussen. An deem Fall ass et Saach vum Minister, bannent siechzeg Deeg nodeem e befaasst gouf, eng Decisioun ze huelen[2].
De Verwaltungsrot gëtt nach vun engem wëssenschaftleche Conseil beroden, dee sech aus néng Memberen aus der Fuerschung zesummesetzt[2].
Period | President |
---|---|
... | ... |
? | Romain Henrion |
? | Germain Dondelinger |
? | Yves Elsen |
29.07.2016-2019 | Véronique Hoffeld |
01.12.2019-2024 | Martine Reicherts |
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (fr)Loi du 31 mai 1999 portant création d'un fonds national de la recherche dans le secteur public. legilux.public.lu (31.05.1999). Gekuckt de(n) 17.09.2020.
- ↑ 2,0 2,1 (fr)Loi du 27 août 2014 modifiant la loi modifiée du 31 mai 1999 portant création d'un fonds national de la recherche dans le secteur public (...). legilux.public.lu (27.08.2014). Gekuckt de(n) 17.09.2020.