Op den Inhalt sprangen

François-Joseph Dargent

Vu Wikipedia
00Bei dësem Artikel oder Kapitel feelen nach Referenzen, déi eenzel Aussoe beleeën. Hëlleft wgl. mat, fir dës Quellen nozesichen oder derbäizesetzen. Net beluecht Aussoe riskéiere soss, ewechgeholl ze ginn.
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
François-Joseph Dargent
Gebuer 4. Mäerz 1805
Lëtzebuerg
Gestuerwen 14. Juli 1869
Eech
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Fonctioun Buergermeeschter vun Eech

De François-Joseph Dargent, gebuer de 4. Mäerz 1805 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen de 14. Juli 1869 zu Eech, war e lëtzebuergeschen Apdikter a Politiker. Säin Heemechtshaus war d'Haus Höcklin von Steinach op Nummer 20 um Krautmaart.

Vun 1864 bis 1869 war hie Buergermeeschter vun der Gemeng Eech, déi den 1. Juli 1920 mat der Gemeng Lëtzebuerg fusionéiert huet.

Hie war Matgrënner vun der Société des sciences médicales, der haiteger Section des sciences médicales vum Institut grand-ducal.

Zu Eech ass zanter 1925 eng Plaz (place Dargent, Eecher Plaz) no him genannt.