François Magnani
Ausgesinn
| François Magnani | |
|---|---|
| Gebuer |
7. Juni 1928 Schëffleng |
| Gestuerwen | 5. Mäerz 1998 |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Foussballspiller |
|
| |
De François Magnani, gebuer de 7. Juni 1928 zu Schëffleng, an do gestuerwen de 5. Mäerz 1998[1], war e lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik[2], an huet an der Golkipppositioun beim FC Schëffleng gespillt.
Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1948 zu London an op den Olympesche Summerspiller 1952 zu Helsinki vertrueden.[3],[4]
Tëscht dem 21. November 1948 am 15. Abrëll 1951 huet de François Magnani aachtmol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt.[5]
Palmarès
[änneren | Quelltext änneren]Mam FC Schëffleng huet hien an der Saison 1951/52 de Championstitel gewonnen, an 1960 gouf an der Finall vun der Coupe de Luxembourg vun der Stade Diddeleng 3-0 geklappt.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]
Portal Sport- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympionicken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Lëtzebuerger Olympia Lexikon - Éditions Schortgen - Henri Bessler - Pierre Gricius - Georges Klepper ISBN 978-2-87953-197-7 S. 107
- ↑ Lëscht vun de Spiller vun der lëtzebuergesch Foussballnationalekipp bei der Olympiad 1952 op der Websäit vun der FIFA
- ↑ De François Magnani op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens' Archivéiert den 09.03.2016. Gekuckt den 30.01.2011.
- ↑ Profil vum François Magnani op der Websäit vun der FIFA
- ↑ D'Lëscht vun de Lännermatcher vum François Magnani op der Websäit European Football
