François de Waha

Vu Wikipedia
François de Waha
Gebuer 23. Mäerz 1839
Bréissel
Gestuerwen 31. Mee 1900
Tervuren
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Aristokrat, Politiker

De François de Waha, gebuer den 23. Mäerz 1839 zu Bréissel, a gestuerwen den 31. Mee 1900 zu Tervueren, war e belsche Politiker a Finanzmann.

De François de Waha war Direkter vun der Caisse d'épargne a gouf 1872 Buergermeeschter vun Auderghem als Nofollger vu sengem Monni, a blouf dat bis 1884.

Hien hat sech de 15. November mat senger Kusin Louise de Waha bestuet. Deenen Zwee hir Tata war d'Fra vum Henri de Brouckère, dem éischte Buergermeeschter vun Auderghem.

1872 hat hien de Titel Baron kritt.

Fir un hien z'erënnere gouf zu Auderghem eng Strooss no him benannt, d'Avenue de Waha.