Franschhoek

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Den Dall mat Franschhoek
D'Kierch zu Franschhoek

Franschhoek ass eng Uertschaft am südafrikanesche Wäibaugebitt (Provënz Western Cape). Den Numm geet op d'17. an d'18. Joerhonnert zeréck. Wéi den Edikt vun Nantes annulléiert gouf, hunn nämlech vill Hugenotten Frankräich verlooss. Vun hinnen hu sech der en ettlech an Süde vu Kapstad néiergelooss, fir do Wäibau (Wäibau a Südafrika) ze bedreiwen.

Zu Franschhoek gëtt et e Monument, dat un d'Hugenotten erënnert. D'Uertschaft, déi vun Touristen staark besicht ass, huet säi franséische Charakter behalen. Wäigidder mat franséischem Numm si keng Seelenheet, an den Afloss vun der franséischer Kichen an de Restaurante mécht sech däitlech bemierkbar.

Aner Uertschaften un der südafrikanescher Wäistrooss[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]