Fredrik Reinfeldt

Vu Wikipedia
Fredrik Reinfeldt
Gebuertsnumm John Fredrik Reinfeldt
Gebuer 4. August 1965
Nationalitéit Schweden
Educatioun Universitéit vu Stockholm
Aktivitéit Politiker, Ekonomist
Partei Moderata samlingspartiet
Famill
Bestuet mat Filippa Reinfeldt
Papp Bruno Reinfeldt
Mamm Birgitta Reinfeldt
Kanner Gustav Reinfeldt, Erik Reinfeldt, Ebba Reinfeldt

Den John Fredrik Reinfeldt, gebuer de 4. August 1965 zu Haninge, ass e schweedesche Politiker. Hie war vun 2006 bis 2014 Premierminister a Schweden.

Hien huet Ekonomie studéiert. Zanter 1991 ass hien Deputéierte fir déi liberal-konservativ Moderata samlingspartiet ("Moderat Sammlungspartei") am schweedesche Parlament. Wéi d'Mëtt-Riets-Regierung 1994 bei de Wale staark Stëmme verluer huet, huet de Reinfeldt de Parteichef Carl Bildt kritiséiert, wat dozou gefouert huet, datt en an der Partei isoléiert gouf. No engem neie Parteipresident 1999 (dem Bo Lundgren) an enger dramatescher Walnéierlag 2002 huet de Reinfeldt nees un Afloss a senger Partei gewonnen.

De 25. Oktober 2003 gouf hien als Nofollger vum Lundgren neie Parteipresident. Hien huet an de Joren duerno d'Partei méi am Zentrum vum politesche Spektrum positionéiert.

2006 huet de Reinfeldt bei de Parlamentswalen d'Allianz fir Schweden ugefouert, déi aus véier mëtt-rietse Parteie bestoung: der Moderater Sammelpartei, der Zentrumspartei, der Liberaler Vollekspartei an de Chrëschtdemokraten. De 17. September 2006 huet d'Allianz gewonnen, a Schweden hat, fir d'éischt zanter 1932 (mat zwou Ausnamen), keng sozialistesch Regierung.

De 6. Oktober huet de Reinfeldt seng Regierung presentéiert.

Bei de Parlamentswale vun 2010 krut seng Allianz zwar déi meescht Stëmmen, awer net méi d'Majoritéit. Déi nei Regierung, an där de Reinfeldt Premierminister blouf, ass op den nationalistesche Schwedendemokraten hir Stëmme mat ugewisen.

Bei de Parlamentswale vum September 2014 kruten déi oppositionell Sozialdemokraten déi meescht Stëmmen; Premierminister gouf an der Suite de Stefan Löfven.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fredrik Reinfeldt – Biller, Videoen oder Audiodateien