Fregat

Vu Wikipedia
Fregat-Stuf mat de sphäreschen Tanken, hei an der Konfiguratioun fir Fobos-Grunt

Fregat fir Fregatt ass eng Rakéitenuewerstuf, déi vun der russescher Entreprise Lawotschkin gebaut a géigenwärteg an der Sojus-Drorakéit agebaut gëtt. D'Stuf gëtt fir d'Starte vu Satellitten déi héich fléien, wéi beispillsweis geostationär Kommunikatiounssatellitten, a Raumsonde benotzt. Fregat ka bis zu 20-mol nei gezünnt ginn an ass soumat och fir d'Aussetze vun ettleche Satellitten op verschiddenen Ëmlafbunne geeegent.

Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

D'Fregat-Stuf gouf vum Undriffsmodul vun der Fobos- an de Mars-96-Raumsonden ofgeleet. D'Entwécklung vun der Stuf hat am Joer 1993 ugefaangen, koum awer wéinst Finanzéierungsschwieregkeeten nëmme ganz lues virun. Eréischt mat der Grënnung vun der Entreprise Starsem zu der Vermaarktung vun der Sojus-Rakéit an der Ënnerzeechnung vum Vertrag zum Start vu véier Cluster-Satellitte fir d'ESA aktivéiert sech Enn vun de 1990er Joren d'Entwécklung vun der Fregat-Stuf.

Den éischte Start vun enger Fregat-Uewerstuf op enger Sojus-Rakéit (an der Versioun Sojus-U) war den 8. Februar 2000. No engem weideren Testfluch goufe bei zwou Sojus-U/Fregat-Flich erfollegräich véier Cluster-Satellitten an de Weltraum bruecht. Dobäi konnt d'Fregat hir Leeschtungsfäegkeet an Zouverlässeigkeet beweisen, wou si no engem ze fréien Ofschalte vun der drëtter Sojus-Stuf d'Steierung vum Fluch séier iwwerhuele konnt an duerch hir iwwerschësseg Dreifstoffluedung d'Missioun konnt retten.

Zu Zäit gëtt d'Sojus (an de Versiounen Sojus-U, Sojus-FG, Sojus-2.1a an Sojus-2.1b) mat der Fregat-Stuf zum Starte vu kommerziellen Notzlaaschten a Raumsonde (Mars Express, Venus Express) benotzt. Dobäi ginn d'Startopträg vun der Firma Starsem ofgewéckelt.

Zanter 2011 starte standardméisseg mat Fregat-Stufen ausgerëschte Sojus-Rakéite vun der europäescher Weltraumgare zu Kourou, hei geschitt och d'Vermaarktung iwwer Arianespace.

Och 2011 ass d'Fobos-Grunt-Missioun gestart, bei där mat Hëllef vun enger modifizéierter Fregat-Stuf fir d'éischt eng Sond op de Mars-Mound Phobos landen a Buedemprouwen op d'Äerd zeréckbrénge soll.

Technik[änneren | Quelltext änneren]

D'Fregat-Uewerstuf ass eng autonom Rakéitestuf, déi e modernen digitale Steierungssystem an eegestänneg Kommunikatiouns- an Navigatiounssystemer huet. Doduerch ass d'Stuf theoreetesch a verschidden Typpe vu mëttelschwéiere bis schwéieren Drorakéiten integréierbar. D'Stuf ass 1,50 m héich mat engem Duerchmiesser vun 3,35 m. Eidel weit se 950 kg an et kënne bis zu 5.250 kg Rakéitendreifstoff (NTO/UDMH) matgeholl ginn.

D'Struktur vun der Stuf besteet aus sechs sphäreschen Aluminiumtanken, déi am Krees befestegt sinn. Zwéi vun den Tanken enthalen den Dreifstoff (UDMH), zwéin d'Oxidationsmëttel (NTO), an zwéi weider déngen als Tank fir d'Avionik. Aacht Drostrukturen, déi duerch d'Tanke verlafen, si fir d'Strukturstabilitéit.

D'Haaptdreifwierk vun der Stuf ass ee vu KB Chimmasch bei Moskau produzéiert S5.92-Dreifwierk mat enger Brennkummer, déi duerch en hydraulescht Steierungssystem seng Positioun a soumat de Schubvektor vun der Stuf ännere kann. D'Dreifwierk kann an zwee Modi betriwwe ginn: mat engem Schub vun 19,85/14 kN an engem spezifeschen Impuls vun 3.247/3.100 Ns/kg (resp. 331/316 s).

Zur Lagreegelung huet d'Fregat nieft de Steierungsméiglechkeete vum S5.92 och 12 zousätzlech Hydrazin verbrennend 50-N-Dreifwierker, déi a véier Gruppe festgehale sinn, an aus zwéi separaten, méi klengen Tanke mat Dreifstoff gespeist ginn. Bis zu 85 kg Hydrazin kënne vun der Stuf matgeholl ginn.

Déi vergréissert Fregat-SB-Stuf huet zousätzlech ofwerfbar Dreifstofftanken. Dës Stuf ass 2,3 m héich bei engem Duerchmiesser vun 3,44 m an huet e Gewiicht zesumme mam Dreifstoff bis zu 11.600 kg. D'Eidelmass vun der Stuf huet 950 kg, d'Eidelmass vun den ofwerfbaren Tanken 375 kg. Fregat-SB soll op schwéieren Drorakéiten – ufanks war den Asaz op der Zenit geplangt – agesat ginn. Den éischte Start war den 20. Januar 2011. Dobäi gouf d'Fregat-SB op enger Zenit gestart an hat déi russesch Elektro-L-Wiedersatellitten an e geostationären Orbit transportéiert.

Startlëscht[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt: Rakéitestartlëscht mat Fregat-Uewerstuf

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]