Gérard de Nerval

Vu Wikipedia
Gérard de Nerval
Gebuertsnumm Gérard Labrunie
Gebuer 22. Mee 1808
Paräis
Gestuerwen 26. Januar 1855
Paräis
Doudesursaach Erhänken
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Schrëftsteller, Dichter, Dramatiker, Iwwersetzer, Literaturkritiker, Journalist

De Gérard de Nerval (fir richteg: Gérard Labrunie), gebuer den 22. Mee 1808 zu Paräis an och do de 26. Januar 1855 gestuerwen, war e franséische Schrëftsteller. Och wann en an der franséischer Literaturgeschicht net zu den Haaptleit vun der Romantik gezielt gëtt, sou hate seng Texter dach z. D. e groussen Afloss op Schrëftsteller déi no him koumen, wéi de Charles Baudelaire oder d'Surrealisten.

Nieft Gedichter huet hie Reesreportagen an -impressioune publizéiert. Vun 1850 u war hie gesondheetlech schlecht drun an huet, wann ëmmer et goung, geschriwwen, seng Texter iwwerschafft an nei erausbruecht. 1855 huet hie sech d'Liewe geholl. En ass um Kierfecht Père-Lachaise begruewen.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Œuvres complètes.. 6 Bänn, Paräis 1867-1877
  • Œuvres complètes. Ed.: A. Marie, J. Marsan, É. Champion, 6 Bänn., Paräis 1926-1932
  • Œuvres. Ed. H. Lemaître, 2 Bänn, Classiques Garnier, Paris 1958
  • Voyage en Orient. 2 Bänn, Paris 1851
  • Voyage en Orient. Edg. M. Jeaumaret, Garnier-Flammarion, Paris 1984
  • Les Filles du feu. Paris 1854
  • Les Filles du feu. Ed. L. Cellier, Garnier-Flammarion, Paris 1972
  • La Bohème galante. Paris 1855
  • Le Rêve et la Vie. Paris 1855
  • Aurélia, ou le Rêve et la Vie. Lettres d'amour. Ed. J. Richer et alii, Paris 1965
  • Poésies, suivies de Petits Châteaux de Bohème, Les Nuits d'octobre, Promenades et Souvenirs, La Pandora, Contes et Facéties. Ed. M. Hafez, Le Livre de Poche, Paris 1964
  • Les Chimères. Hrsg. J. Guillaume, Brüssel 1966
  • Pandora. Hrsg. J. Guillaume, Namur 1968; 1976
  • Les Illuminés, ou les Précurseurs du socialisme, Bibliothèque Marabout, Verviers 1973
  • Les Chimères, Le Livre de Poche, Paris 1984

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gérard de Nerval – Biller, Videoen oder Audiodateien