GN-z11

Vu Wikipedia
GN-z11 an der Vergréisserung

GN-z11 ass eng Galaxis am Stärebild Ursa Major.

Si ass 13,4 Milliarde Joer al a ronn zirka 25-mol méi kleng wéi eis Mëllechstrooss. D'Galaxis GN-z11 huet sech 400 Millioune Joer nom Urknall gebilt, an huet eng spektroskopesch Routverrécklung vun z = 11,1. D'Stärenzuel vum GN-z11 ass nëmme ronn 1 % vun der Mëllechstrooss, d'Stäreproduktioun an de Wuesstem ass awer 20-mol méi grouss.

Zanter dem 3. Mäerz 2016 gëllt GN-z11 als déi eelst bekannt Galaxis an et ass fir den Ament (2016) dee bekannten Objet am Universum deen am wäitste vun ons ewech ass. Den GN-z11 gouf 2014 vun den US-Astronome Pascal Oesch, Gabriel Brammer a Garth Illingworth entdeckt, déi d'Date vum Hubble-Weltraumteleskop (Cosmic Assembly Near-infrared Deep Extragalactic Legacy Survey (CANDELS) a Great Observatories Origins Deep Survey (GOODS) North Surveys) ausgewäert hunn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: GN-z11 – Biller, Videoen oder Audiodateien