Gaalgen
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Gaalgen als Instrument fir eng Hiriichtung. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl.. Gaalgen (Homonymie). |
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |

E Gaalgen (vum alen Héichdäit.. Galgo = Bampotto) ass e Dispositif fir d'Doudesstrof duerch en Henker ze vollzéien an zwar duerch de Strack. D'Gaalge goufe fréier baussent den Uertschaften op engem héije Punkt opgeriicht. Dorun erënneren och nach zu Lëtzebuerg Bezeechnunge vun e puer Koppen, wéi Gaalgebierg (Bieles, Esch-Uelzecht oder Keel) oder Lieu-diten, wéi z. B. am Gaalgen zu Fréiseng.
De Gaalgen an der lëtzebuergescher Literatur
[änneren | Quelltext änneren]An der lëtzebuergescher Literatur mécht de Michel Rodange a sengem Reenert e puer mol Allusiounen un de Gaalgen. Hien huet geschriwwen[1]:
Drëtte Gesank, Vers 24:
Da loossen ech e fänken,
Säi Schlass, dat gëtt besat;
E gëtt gestrooft mam Stillchen,
Mam Gaalgen a mam Rad.“
Drëtte Gesank, Vers 76:
Mä wann Dir net gifft kommen,
Da giff Äert Schlass besat,
Dir gifft gehoolt, gestrooft ginn,
Mam Gaalgen a mam Rad.
Fënnefte Gesank, Vers 105:
Bei Aangber stung de Gaalgen:
Dräi Staangen un em Nol.
„Nu Fiissche“, sot de Wollef,
„Bekuckt Ier Plaz emol!
Zwielefte Gesank, Vers 27:
Och Häre vun der Chamber
A munchen Affekot;
Ee wënscht dem Fuuss de Gaalgen,
Deen aner gëtt em Rot.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Gaalgen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ an der Schreifweis vun 2019