Op den Inhalt sprangen

Gangnam Style

Vu Wikipedia
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Gangnam Style
Genre K-Pop
Sprooch Koreanesch
Interpret Psy
Komponist Psy
Text Psy
Verëffentlecht 15. Juli 2012
Éischt Zeil Oppan Gangnam Style Gangnam Style
Auteursrechter geschützt

Gangnam Style (강남스타일) ass ee K-Pop-Lidd vum südkoreanesche Rapper Psy. D'Lidd gouf virun allem iwwer YouTube bekannt, wou et de 15. Juli 2012 eropgeluede gouf. De Museksvideo hat den 21. Dezember 2012 eng Milliard „Views“ erreecht a war domat zu deem Ament dee meeschtgekuckte Video an der Geschicht vu YouTube.[1] Doriwwer eraus war et dee beléiftste Video mat iwwer sechs Millioune „Likes“.[2] An iwwer 30 Länner stoung d'Lidd op der éischter Plaz vun den Chart-Lëschten (Stand: Enn 2012).

De charakteristeschen Danz aus dem Video gouf vu ville bekannte Persounen imitéiert, dorënner den US-President Barack Obama, de brittesche Premierminister David Cameron, den UN-Generalsekretär Ban Ki-moon an den Ai Weiwei.

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Archive copy Archivéiert den 13.01.2013. Gekuckt den 22.12.2012.
  2. http://www.guinnessworldrecords.com/news/2012/9/gangnam-style-now-most-liked-video-in-youtube-history-44977/ Mëttlerweil sinn et iwwer 6 Millioune „Likes“, wéi een op YouTube nokucke kann.