Gangsta-Rap

Vu Wikipedia

Gangsta-Rap ass e Museksgenre, dee sech aus dem Hardcore Hip-Hop entwéckelt huet an ëm och staark gläicht, mä bei deem de Rapper aus der Perspektiv vun engem Gangster (an Amerika dacks: "thug" oder "gangsta") rappt. En ass an den 1980er an 1990er op der US-amerikanescher Westküst an den urbane Quartieren a Kalifornien entstanenen, an deene Stroossebanden ("gangs") vill aktiv waren. Pionéier vum Genre sinn ënner anerem de Schoolly D, den Ice-T an d'Grupp N.W.A, déi e groussen Afloss op de Rap haten an iwwer dem Alldag am Liewe vun engem Bandemember gerappt hunn.

De Genre ass kontrovers a gëtt vu ville Commentateure kritiséiert. De Gangsta-Rapper gëtt virgeworf, si géifen d'Kriminalitéit, Mord, Gewalt, Vulgärsprooch, Homophobie, Rassismus, Promiskuitéit, Fraefeindlechkeet, Vandalismus, Drogemëssbrauch, Materialismus, Beamtebeleidigung an nach vill aner Saache promouvéieren. Verschidden afroamerikanesch Rapper hunn dorop geäntwert, datt hir Musek onfair behandelt gëtt well se gläichzäiteg Theeme behandelt, déi net an der Ëffentlechkeet diskutéiert ginn.[1] D'Texter géifen d'Realitéit an aarme Quartiere reflektéieren an Tabue briechen; sou geet et am Titel Fuck tha Police vun N.W.A ëm Policebrutalitéit a Racial Profiling.

Stilistesch setzt Gangsta-Rap op aggressiv Texter an haart Beater.[2]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Los Angeles Times: COVER STORY: The Uncivil War: The battle between the Establishment and supporters of rap music reopens old wounds of race and class (19. Juli 1992)
  2. about.com: What Is Gangsta Rap? (30. Mee 2016)