Garfield

Vu Wikipedia

Garfield ass eng Comicsserie, déi vum Jim Davis zanter 1978 publizeiert gëtt[Wou ?]. Den Haaptpersonnage ass den eponyme Kueder, dee gär seng bësseg Kommentaren zum Beschte gëtt. Den Numm kënnt vum Jim Garfield Davis, dem Bop vum Jim Davis.[1] Aus dem Comic sinn eng Rei Merchandising-Produkter entstanen.

Figuren[änneren | Quelltext änneren]

Garfield de Kueder[änneren | Quelltext änneren]

Logo vum Garfield

De Garfield gouf an engem italieenesche Restaurant mam Numm Mamma Leoni's gebuer. Den deemolege Meeschter vum Garfield huet sech missen tëscht dem Garfield oder der Faillite vum Restaurant entscheeden[2]. Sou koum et, datt de Garfield an e Geschäft fir Déiere koum. Do huet den Jonathan Arbuckle, genannt Jon, de Garfield kaaft. Hie seet dozou: "Ech wollt eng Kaz kafen a krut eng Lasagne mat Pelz a Patten".[2]

Dem Garfield säin Haaptcharakterzuch ass seng onwahrscheinlech Lidderegkeet. Hie läit am léifsten a senger Këscht a schléift. Hien ass déck vu sech selwer iwwerzeegt a weess ëmmer genee wat e wëll. En ass iwwergewiichteg an egoistesch. Hie lieft zesumme mam Jon sengem Hond Odie, deen net sonnerlech intelligent ass. Dem Garfield säi gréisste Spaass ass et, de Geck mam Odie ze maachen.[2] 1978 war de Garfield e staark iwwergewiichtege Kueder deen net wéi eng eis bekannte Kazerass ausgesinn huet. Mä am Laf vun de Joren huet de Garfield staark ofgeholl a gouf ëmmer nees nei gezeechent. Sou huet en ugefaangen op zwee Been ze goen a krut sou mënschlech Zich. Wat ëmmer bliwwen ass, ass dem Garfield seng Léift fir Lasagne, säin absolut Liblingsiessen. Wat hie guer net leide kann ass gesond Iessen, Roséngen a Spinat a virun allem d'Méindeger. De Garfield kommunizéiert gréisstendeels mat Gedankeblosen. Et ass net genee gewosst, ob den Jon de Garfield wuertwiertlech versteet oder nëmmen iwwert dem Garfield seng Mimik[3]. An alle Comics fënnt ee seng Haaptposen, dat heescht e spréngt an d'Bett oder läit op der Couche ze schlofen. Seng Haaptgewunnegte sinn awer am Laf vun der Geschicht ëmmer déi selwecht bliwwen. Virun allem mécht hien den Odie an den Jon gär rosen, schléift vill, ësst Lasagne a mécht Saache futti. Dacks gëtt de Garfield vu sengem Meeschter zurechtgewise mä trotzdeem behält de Garfield säin Eegesënn.

Pooky de Petzi[änneren | Quelltext änneren]

Och wann et dacks ausgesäit, wéi wann de Garfield relativ béis mat senge Matmënschen/-déiere wier, huet en se am Generellen awer gär, genausou, wéi säi Petzi Pooky, mat deem en heiansdo schwätzt. De Petzi huet en an engem Tirang fonnt, an ass zanterhier säi beschte Kolleeg.[4] Enges Daags, wéi de Pooky en A verluer hat, huet en den Jon gefrot fir em en neit fir Chrëschtdag ze schenken. De Garfield protegéiert de Pooky ëmmer a schwätzt mat him, wéi wann en och en Déier wier.

Odie[änneren | Quelltext änneren]

Den Odie ass dem Jon säin Haushond an dem Garfield säi Matbewunner. Den Odie gëtt als manner intelligent duergestallt. Och wann en heiansdo clever Schachzich mécht, fir sech um Garfield ze revanchéieren. Hie gëtt mat enger iwwerdimensionaler Zong duergestallt, wann en hechelt. Wann en awer bei de wéenegen Occasiounen net hechelt, verschwënnt seng Zong; wouhin, ass fir de Garfield onerkläerlech. Den Odie huet, ausser an e puer seelene Fäll, keng autonom Denk-/Sproocheblos. Duerch seng Eefällegkeet, wierkt den Odie op de Lieser sympathesch.

An enger Zeechnung vum 27. Abrëll 1989 gesäit een den Odie, nodeems de Garfield an de Jon aus dem Haus goungen, klassesch Musek lauschteren an d'Novell Krich a Fridden vum Leo Tolstoi lauschtert.[5] Et gëtt am Laf vun der Comicserie nach weider Evenementer, bei deenen un der mannerwäerteger Intelligenz vum Odie ze zweiweln ass. Déi enk an zugläich komesch Verbindung, déi tëschent dem Odie an dem Garfield besteet, gëtt virun allem an der Geschicht “Hir kommt Garfield” däitlech, wou den Odie vun engem Hondsfänkert gefaange gëtt an de Garfield an déiwer Trauer ass, well den Odie net méi do ass an e Liewen ouni den Odie traureg wier.[6]

Jonathan Arbuckle[änneren | Quelltext änneren]

Jonathan Arbuckle, Jon genannt, ass en Aussesäiter. Hien huet vill Problemer fir sech sozial z'integréieren. An der Comicserie gesäit een hien dacks als gelangweilte Mënsch. Hien ass de Besëtzer vum Garfield a vum Odie. Iwwer d'Joren huet hien en hellbloe Polo un, deen immens erausstécht. Säi Mësserfolleg bei Fraen huet hie gréisstendeels senger Aart a Weis fir mat Fraen ze schwätzen a sengem gewinnegsbedierftege Kleedungsstil ze verdanken.[7] Hien ass uewedrann nach immens ongeschéckt an alldeegleche Situationen, sou datt ee beim Liese Matleed mat him kann hunn. Hien hat sech awer iwwer déi ganz Zäit fir eng Fra intresséiert. Et war d'Véidoktesch vum Garfield a vum Odie, Liz. Mat hir ass hien och spéider zesummenkomm, wat fir en net immens soziale Mënsch schwéier ass. Vu Beruff hier ass den Jon Comiczeeschner.

Dr. Liz Wilson[änneren | Quelltext änneren]

D'Liz Wilson ass dem Jon seng grouss Léift an dem Garfield an dem Odie seng Véidoktesch. Den Jon hat d'Liz dacks gefrot fir eppes zesummen ze maachen, mee d'Äntwert war ëmmer déi selwecht: Nee. De Jon huet de Garfield dacks méi oder manner an dem Liz seng Praxis forcéiert, fir kënne beim Liz ze sinn. Ufanks hunn déi zwéi sech e puermol getraff, mee all Rendez-vous ass an enger Katastroph op en Enn gaangen. Méi spéit hate se bei hiren Treffe méi Succès, a sou hu sech den 19. Dezember 1981 déi éischt Kéier gekësst[3] a goufen dono eng Koppel. D'Liz ass net nëmmen am Comic ze gesinn mee och an de Filmer. D'Liz huet e rouege mee och sarkastesche Charakter an ass relativ tolerant vis-à-vis vum Jon a sengen Ausrutscher. Hatt huet och probéiert, sech gutt mam Garfield ze halen, mee dee war jalous op hatt an der Meenung, datt et net a säi Liewe géif passen, an him seng Roll am Mëttelpunkt vum Geschéie a Fro stelle géif.

Bucheditiounen[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Filmer a Merchandising[änneren | Quelltext änneren]

De Garfield gouf 2004 fir d'éischt verfilmt . Et war keen Zeechentrickfilm . 2006 koum d'Fortsetzung eraus.[1] Et gëtt weiderhin och Tasen, Petzien, Bicker, Telleren, Handdicher asw. mat Garfield-Motiver drop. Dës Produite ginn an 111 Länner verkaaft a generéiere pro Joer e Benefice vu 750 Millioune bis 1 Milliard US-Dollar [8] Ausserdeem gouf et an den 1980er Joren e Lauschterspill.

Soss[änneren | Quelltext änneren]

An dräi Länner heescht de Garfield anescht: an der schweedescher Iwwersetzung heescht e Gustav, an an zwee aneren nordeuropäesche Länner huet en och en nordeschen Numm.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 http://mentalfloss.com/article/59797/20-things-you-might-not-know-about-garfield
  2. 2,0 2,1 2,2 http://garfield.wikia.com/wiki/Garfield_(character)
  3. 3,0 3,1 https://de.wikipedia.org/wiki/Garfield_%28Comic%29
  4. http://garfield.wikia.com/wiki/Pooky
  5. http://garfield.wikia.com/wiki/Odie
  6. Davis, Jim. Here comes Garfield“. 25. Oktober 1982.
  7. http://garfield.wikia.com/wiki/Jon_Arbuckle
  8. http://www.slate.com/articles/news_and_politics/assessment/2004/06/garfield.html?via=gdpr-consent