Gebrannte Bësch (Rëmeleng)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
De Gebrannte Bësch zu Rëmeleng

De Gebrannte Bësch ass e Flouer zu Rëmeleng, e klenge Bësch vun 2 ha nërdlech vum Hädterwee (rue de la bruyère), do wou haut e Parking ass an een u sech net méi weiderfueren dierft.

Dem Prof. Jos Hess no hunn eenzel Evenementer ni zu engem Flouernumm gefouert. De Prof. Nic. van Werveke kompletéiert, datt hee festgestellt huet datt wann e Flouer als schwaarz oder gebrannt bezeechent gëtt, da geet et dacks ëm Lännereien, an deenen Iwwerreschter aus gallo-réimescher Zäit ze fanne sinn. Vu datt Rëmeleng an där Zäit scho besiidelt war, schéngt déi Erklärung net onwarscheinlech, och wa bis ewell nach keng sou Iwwerreschter do fonnt goufen.

Nom Éischte Weltkrich gouf hei als Erënnerungszeechen e Bam an de Landesfaarwe gerëscht a mat enger Inscriptioun als Fräiheetsbam bezeechent. Eng vun deene Bänken déi de Syndicat d'initiative opgestallt huet dréit den Numm "Ligebänk"[1], well op hir dacks Freieren hire Freiesche sou munnech Lige verzielt hunn oder Versprieche ginn hunn di se net ëmmer gehal hunn.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Nicolas Charpentier, Rümelinger Land und Leute, 1957