Gehaanskapell vu Waalsdref

Vu Wikipedia
Kapell vu Waalsdref

Uertschaft / Plaz Waalsdref
Par Parc Our
Saint-Nicolas
Dekanat Norden
Numm / Patréiner Hl. Johannes
Koordinaten 49° 55’ 30.6’’ N
      06° 10’ 20.1’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Gehaanskapell vu Waalsdref ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Parc Our Saint-Nicolas, zum Dekanat Norden an zu der Gemeng Tandel gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Johannes, den Evangelist, deem säi Fest de 27. Dezember gefeiert gëtt.

D'Kapell steet am Duerfzentrum am Burewee zirka 30 m vun der Kräizung mam CR354.

Se gouf den 2. Mäerz 2018 als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Zur fréierer Par Furen gehéieren ausser der Gehaanskapell och nach d'Parkierch vu Furen, d'Filialkierch vu Bëttel an d'Kapell vu Longsdref.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gehaanskapell vu Waalsdref – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).