Gendarmerie grand-ducale
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) Gendarmerie Grand-Ducale)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem lëtzebuergesche Gendarmeriescorps virun 2000. Fir den aktuelle Corps vun der ëffentlecher Sécherheet, kuckt wgl. Police grand-ducale. |
D'Gendarmerie grand-ducale war zu Lëtzebuerg e Corps vun der ëffentlecher Sécherheet deen ënner verschiddenen Nimm vu 1733 bis den 31. Dezember 1999 bestanen huet. Duerch d'Gesetz vum 31. Mee 1999[1] goufen d'Gendarmerie grand-ducale an d'Police zur Police grand-ducale fusionéiert.
D'Gendarmerie grand-ducale stoung, wéi och d'Arméi a wéi d'Police, ënner der Tutelle vum Ministère vun der ëffentlecher Muecht (Ministère de la force publique). Dës Tutelle huet awer nëmmen déi intern Organisatioun betraff, fir geriichtlech Affären, stoung d'Gendarmerie, wéi och d'Police, ënner der Autoritéit vum Justizministère.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Geschichtleches um Site vun der Police (archivéiert Versioun)
- Loi du 31 mai 1999 sur la Police et l’Inspection générale de la Police
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Loi du 31 mai 1999 sur la Police et l’Inspection générale de la Police