Ministère de la Justice
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) Justizministère)
Ministère de la Justice | |
---|---|
Justizministère | |
Land | Lëtzebuerg |
Minister | Elisabeth Margue |
Adress | Centre administratif Pierre Werner, 13, rue Erasme L-2934 Lëtzebuerg |
Ënnersteet der/dem | Lëtzebuerger Regierung |
Um Spaweck | https://mjust.gouvernement.lu/ |
De Justizministère (fr: Ministère de la Justice, gekierzt MJUST) ass e Ministère zu Lëtzebuerg.
Allgemenges
[änneren | Quelltext änneren]De Ministère ass verantwortlech fir d'Gesetzgebung wat déi zivil, strofrechtlech (penal) a kommerziell Affären ugeet grad wéi fir d'Organisatioun vun der Justiz.
Kompetenz vum Ministère
[änneren | Quelltext änneren]D'Servicer a Verwaltungen déi ënnert d'Kompetenz vum Justizministère falen, sinn am interne Reglement vun der Regierung festgehalen[1]. Dozou gehéieren ë. a.:
- Zivil Affären: Zivilrecht an Zivilrecht-Prozessuerdnung; Heemechtsrecht; Ännerung vum Numm a Virnumm; zivil a kommerziell Mediatioun; international Kommissioun iwwer den État civil; Mënscherechter; Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter; Haager Konferenz iwwer internationaalt Privatrecht; europäesch an international Zesummenaarbecht am ziville Beräich; international Rechtshëllef fir zivil Affären; Europarot (Volet Zivilrecht); Benelux-Geriicht; Conseil vun der Justiz an de bannenzegen Affäre vun der EU, Zesummenaarbecht an zivillen Affären; europäesch Juridiktioun
- Strofrechtlech Affären: Strofrecht a Strofrecht-Prozessuerdnung; Noloosse vu Strofen an Iwwerpréiwe vu Strofprozesser; strofrechtlech Mediatioun; Entschiedegung fir Affer vu Gewaltverbriechen; Office des signalements; Jugendschutz; Entschiedegung bei net effikasser Untersuchungshaft; Waffen, Gardiennage, Sprengstoff; Glécksspiller a Lotterien; Korruptioun; Terrorismus; europäesch an international Zesummenaarbecht am Strofrecht; Justizhëllef op nationalem an internationalem Plang an Ausliwwerung; Organisatioun fir Ekonomesch Zesummenaarbecht an Europa (OECD); Europarot (am Beräich vum Strofrecht); Conseil vun der Justiz an de bannenzegen Affären vun der EU, Zesummenaarbecht a strofrechtlechen Affären; international Strofgeriichter
- Kommerziell Affären: Handelsrecht; Faillite-Recht; Gesellschaftsrecht; Comptabilitéitsrecht; ASBLen a Fondatiounen; Handels- a Firmeregëster; Kommissioun vu Comptabilitéitsnormen; Administrativ Vereinfachung an eemoleg digital Identitéit vun den Entreprisen
- Organisatioun vun der Justiz an de juristesch Beruffer: Relatioune mat der Magistratur; Nominatiounen; Digitaliséierung vun der Justiz; Relatioun mat de Barreauen; Komplementar Geriichter am Lëtzebuerger Recht a Stagen an der Justiz; Relatioune mam Notariat, Nottärsstagen, Nominatiounen; Relatioune mat den Dierwiechter, Stagen, Nominatiounen; Justizhëllef; juristesch Experten; Mediatioun; Restorative Justice
- Kampf géint d'Wäisswäsche vu Geld a géint de Finanzement vum Terrorismus: national, europäesch an international Koordinatioun; national, europäesch an international Gesetzgebung; Groupe d'action financière (GAFI); national Risikobewäertungen a Statistiken
- Allgemeng Koordinatioun vun den administrative Geriichter
- Prisongsverwaltung
- Lëtzebuerger Nationalitéit
- Bureau de gestion des avoirs
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Ministère de la Justice – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- De Ministère op gouvernement.lu, der Websäit vun der Regierung
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Constitution des Ministères am Arrêté grand-ducal du 27 novembre 2023 portant approbation et publication du règlement interne du Gouvernement.