Genesis (Sond)
D'Raumsond Genesis (genannt nom éischte Buch vun der Bibel) ass eng NASA-Missioun fir d'Erfuersche vum Sonnewand. Si gouf den 8. August 2001 mat enger Delta-II-Rakéit gestart. Si hat hir Schlusspositioun, de Lagrange-Punkt L1 vum Sonn-Äerd-System am November 2001 erreecht.
Bordinstrumenter
[änneren | Quelltext änneren]U Bord vun der Sond ware véier Instrumenter:
- Dräi ganz reng Kollektereien, déi ënner anerem aus Gold, Saphir, Silizium an Diamant bestoungen. Si hunn tëscht dem 3. Dezember 2001 an dem 1. Abrëll 2004 Deelercher vum Sonnenwand opgefaangen. Dobäi gouf jiddwer Rei engem vun den dräi ënnerschiddleche Sonnewandregimer ausgesat. Déi Reie goufen an enger Proufkapsel op d'Äerd zeréckbruecht, woubäi si allerdéngs duerch den ongebremsten Opschlag beschiedegt a kontaminéiert goufen.
- E Ionendetekter, deen d'Vitess, Dicht, Temperatur an déi ongeféier Zesummesetzung vun der Ionekomponent bestëmmt.
- En Elektronemonitor, deen d'Energie an d'Dicht vun den Elektrone bestëmmt.
- E Ionekonzentrater, deen Elementer wéi Sauerstoff a Stéckstoff erausfiltert an op e spezielle Kollekter leet.
Missiounsverlaf
[änneren | Quelltext änneren]Nom Aussetze vun der Kapsel mat de Prouwe gouf d'Genesis-Mammesond an eng Ëmlafbunn ëm d'Sonn bruecht.
Den 8. September 2004 war d'Kapsel mat de Kollekteren an d'Wüst bei Salt Lake City gefall, ouni datt d'Fallschiermer opgaange waren. En Helikopter hätt d'Proufkapsel an der Loft opfänken a sécher op d'Äerd brénge sollen.
D'Proufkapsel war no bei engem Stëtzpunkt vun der US-Arméi (Utah Test and Training Range) opgeschloen. D'Asatzkräfte konnten doduerch d'Kapsel séier ënnersichen. D'Kollekteren, mat den opgefaangene Sonnewandpartikelen, si méiglecherweis zerstéiert respektiv duerch déi ierdesch Atmosphär a Stëbs kontaminéiert ginn, well déi hermetesch Versigelung vun der Kapsel nom Opschlag futti war.
Fuerschungsresultater
[änneren | Quelltext änneren]No offizieller Ausso vun der NASA sinn Deeler vun de Kollekteren intakt bliwwen. Déi gebuerge Reschter vum Kollekter-Tank goufen an engem stëbsfräie Raum mat verschiddene Methoden ënnersicht. Als problematesch hate sech dobäi déi kleng Deeler (zirka 3–4 Mikrogramm) an d'Déift vum Andrénge vun den agefaangene Sonnepartikelen erwisen.
D'Andréngdéift ass typescherweis nëmmen 10 Nanometer. Trotzdeem konnte schonn Deelercher vum Sonnewand eendäiteg isoléiert ginn, well den Dreck nëmmen d'Uewerfläch betrëfft. 15.000 Fragmenter konnte gebuerge ginn. Hir Gréisst ass op d'mannst 3 Millimeter an nëmmen e puer hunn ëmmerhin en Zentimeter. 16 Laboratoirë ware bei den Ënnersich bedeelegt.
D'Atomer vun der Sonn konnten an der Tëschenzäit (Juni 2011) vum ierdesche Stëbs getrennt ginn a beweisen, datt d'Sonn – wéi d'Gasplanéiten – eng däitlech aner Isotopeverdeelung huet wéi déi bannenzeg Planéiten.[1]
Onglécksënnersich
[änneren | Quelltext änneren]Fir d'Versoe vun de Landefallschiermer opzeklären, gouf vun der NASA eng Kommissioun fir d'Ënnersich ageriicht. D'Resultater dovu beaflossen d'Sécherheetsiwwerleeunge fir déi änlech ugeluecht Stardust-Missioun an d'Plange vun neie „Sample-Return“-Missiounen. Éischt Undeitungen hunn op en technescht Versoe vun de Steierungsmechanisme vun der Sond higewisen. Dat virleefegt Resultat vun der Kommissioun deit op en Designfeeler vun den Accelleratiounsmiesser hin, déi feelerhaft agebaut goufen. Mam Ofschloss vun der Analys no bal zwee Joer huet sech d'Meenung bestätegt: E Sensor fir d'Moosse vun der Schwéiereaccelleratioun, deen d'Bremsschiermer ausléise sollt, war falsch gedréit agebaut ginn. Wéinst dem Zäitdrock beim Bau vun der 260 Milliounen Dollar deirer Sond hat de Fabrikant Lockheed Martin op en ausféierlechen Test verzicht, bei deem dëst opgefall wier.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Genesis (Sond) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (en) NASA – JPL
- Detailléiert Beschreiwung vun der Genesis-Missioun
- extrasolar-planets.com – Genesis Missioun
- Video vum Opschlag (QuickTime, 6,1 MiB)