George Young (Rockmuseker)

Vu Wikipedia
George Young
Gebuer 6. November 1946
Glasgow
Gestuerwen 23. Oktober 2017
Sydney
Nationalitéit Schottland, Australien
Aktivitéit Bassist, Gittarist, Lidderschreiwer, Museksproduzent
Famill
Geschwëster Angus Young, Malcolm Young, Alexander Young

Den George Young, gebuer de 6. November 1946 zu Glasgow, a Schottland, a gestuerwen den 22. Oktober 2017, war en australesche Rockmuseker, Gittarist, Songschreiwert a Produzent. Dem Young säi Brudder Malcolm war, a säi Brudder Angus ass Member vun der Rockband AC/DC.

Den George Young huet dann och eng Rëtsch Stécker fir AC/DC geschriwwen. An den 1960er Jore war hie Member vun der australescher Band The Easybeats fir déi en, zesumme mam Stevie Wright an dono mam Harry Vanda, déi meescht Stécker geschriwwen huet, dorënner de Welthit Friday on My Mind.

Och fir de John Paul Young - deen net Famill ass - (Love Is in the Air) an Def Leppard (High N’ Dry) huet den George Young Lidder geschriwwen.