Georges Bach

Vu Wikipedia
Georges Bach
Gebuer 12. Juni 1955
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universiteit van Amsterdam
Aktivitéit Politiker, Gewerkschaftler
Partei CSV

De Georges Bach, gebuer den 12. Juni 1955, ass e lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker (CSV).

De Georges Bach ass Handwierker a schafft bei der Lëtzebuerger Eisebunn. Hien ass zanter 2003 President vun der Federatioun vun de chrëschtlechen Transportaarbechter (FCPT) a war tëscht 2003 an 2009 President vum Eisebunnersyndikat Syprolux.

Doriwwer eraus ass hie Member vun der europäescher Transportaarbechter-Federatioun (ETF) a Member vum Wirtschafts- a Sozialrot vun der Groussregioun.

Bei de Wale fir d'Europäescht Parlament 2009 ass hien als Véiertgewielten op der Lëscht vun der CSV an d'Europäescht Parlament nogeréckelt, nodeem d'Viviane Reding op hiert Deputéiertemandat verzicht huet, fir Europäesch Kommissärin ze bleiwen.

Bei den Europawalen 2014 gouf hien als Zweeten op ee vun den dräi Sëtz, déi seng Partei gewonnen huet, erëmgewielt.[1]

De Georges Bach ass bestuet a Papp vun 3 Kanner.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Georges Bach – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Européennes 2014: Résultats officieux" op elections.lu.