Georges Eugène Haussmann

Vu Wikipedia
Georges Eugène Haussmann
Gebuer 27. Mäerz 1809
Paräis
Gestuerwen 11. Januar 1891
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Lycée Henri IV,
Lycée Condorcet,
Paräisser Conservatoire
Aktivitéit Politiker, Héije Fonctionnaire, Architekt, Urbanist
Member vun Académie des beaux-arts
Boulevard Haussmann, Paräis

De Georges Eugène Haussmann, gebuer de 27. Mäerz 1809 zu Paräis, an och do gestuerwen den 11. Januar 1891, och nach Barong Haussmann genannt war Prefekt vun der Seine, vum 23. Juni 1853 bis de 5. Januar 1870. An där Funktioun huet hien d'Transformatioune vu Paräis am Second Empire dirigéiert an ee grousse Renovatiounsplang ausgeschafft.

Hie gouf am Quartier Beaujon gebuer. Säi Grousspapp war Deputéierten a säi Papp Militärintendant beim Napoléon I..

Hien huet seng Schoul am Kolléisch Henri-IV an am Lycée Condorcet zu Paräis gemaach, an huet duerno e Jurastudium ugefaangen, goung awer gläichzäiteg an de Museksconservatoire.

No sengem Studium gouf hie Sous-préfet zu Nérac, duerno, am Joer 1849, Prefekt am Departement du Var an 1850 am Departement Yonne.

Nodeem den Inneminister Victor de Persigny hien dem Napoleon III. virgestallt hat, gouf hien 1853 Prefekt vu Paräis, als Nofollger vum Jean-Jacques Berger a vum Rambuteau.

De Georges Eugène Haussmann läit um Paräisser Kierfecht Père Lachaise begruewen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Baron Georges-Eugène Haussmann – Biller, Videoen oder Audiodateien