Georges Jacquemart

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Georges Jacquemart
Gebuer 6. Abrëll 1948
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ingenieur

De Georges Jacquemart, gebuer de 6. Abrëll 1948, ass e lëtzebuergeschen Ingenieur an Universitéitsdozent, deen an Amerika lieft. Hien ass do e bekannte Verkéierstechniker an Expert fir d'Plange vu Stied. Hien ass och als Beroder erugezu gi fir den Erëmopbau vum World Trade Center zu New York.

De Georges Jacquemart huet op den Universitéite vu Lausanne a Stanford Ingenieur studéiert. Seng Carrière huet en a Kalifornien ugefaangen an hien ass duerno 1980 op New York geplënnert. Do ass e un der Entreprise Backhurst, Fish & Jacquemart bedeelegt. Donieft gëtt hien och Coursen op der New York University.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Roundabouts - An international Guide, 2000
  • Getting Lower Manhattan Moving Again, 2002

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]