Georges Méliès
Georges Méliès | |
---|---|
Gebuer |
8. Dezember 1861 Paräis |
Gestuerwen |
21. Januar 1938 Paräis |
Doudesursaach | Kriibs |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun | Lycée Louis-le-Grand |
Aktivitéit | Schauspiller, Filmregisseur, Animateur, Filmediteur, Dréibuchauteur, Zauberkënschtler, Filmmécher, Filmproduzent, Kameramann, Filmschauspiller, Zeechner |
Famill | |
Bestuet mat | Jeanne d'Alcy |
De Georges Méliès, gebuer den 8. Dezember 1861 zu Paräis an och do den 21. Januar 1938 gestuerwen, war e franséischen Zauberkënschtler, Theaterproprietaire, Filmpionéier a Filmregisseur.
De Méliès war deen éischten, deen dat neit Medium Film geholl huet, fir Geschichten z'erzielen (an net just den Alldag ofzefilmen) an hie gëllt als den Erfinder vun der Stop-Motion-Filmtechnik, déi et erlaabt, Saachen am Film ze weisen, déi an der Realitéit onméiglech sinn (wéi z. B. Leit oder Saache verschwannen oder op eemol opdauchen ze dinn, duerch Bild-fir-Bild-Opnamen onaniméiert Saachen oder Maquettë beweegen, asw.) Hie gëllt deemno als eigentlechen "Erfinder" vum Film als e Konscht-Medium.
De Marie-Georges-Jean Méliès war de Jong vun engem Schongfabrikant. Wärend engem Studienopenthalt zu London (wuer säi Papp e geschéckt hat fir Englesch ze léieren) huet hie seng Passioun fir Illusiounisten entdeckt. De Méliès huet deen Deel vu sengem Papp sengem Ierwen, dat hien zegutt hätt, senge Bridder verkaaft an huet 1898 mat deene Suen den Théâtre Robert-Houdin kaf, wou Zauberkënschtler, Pantomimen, asw. opgetruede sinn. Dee goung ufanks awer net besonnesch gutt.
D'Bridder Lumière haten iwwer dem Theater en Atelier gelount. Nodeems en eng vun den éischte Filmvirféierunge vun hinne gesinn huet, ass de Méliès op London gefuer, fir e Projekter vum Robert William Paul an e puer Filmer vum Thomas Alva Edison, zesumme mat onbeliichtenem Filmmaterial ze kafen, an huet doropshi säin Theater de 4. Abrëll 1896 nei als Kino opgemaach. Hien huet e weidere Projekter kaaft an dee vum Paul an eng Kamera ëmgebaut. Am Summer 1896 huet de Méliès säin éischte Film mam Titel Une partie de cartes gedréint, an duerno e puer Alldagszeenen, bei déi geschwënn nogestallten Zeenen, scènes composées, derbäikoumen. Hien huet seng Filmer net nëmmen a sengem Theater gewisen, mä huet se och u Kiermesleit verlount, déi s'op Joermäert, zesumme mat aneren Attraktiounen, gewisen hunn.
1896 huet de Méliès zu Montreuil deen éischte Filmstudio a Frankräich gebaut, deen Ufanks 1897 a Betrib geholl gouf. En hat e gliesenen Daach, fir Luucht ze hunn, an eng Bün mat Faldieren a Kulissen, wéi an engem Theater. Do huet hie vun do u bal all seng Filmer gedréint.
1897 huet de Méliès d'Produktiounsfirma Star Film gegrënnt, mat där e bis 1913 iwwer 500 Filmer gedréint huet. Am Ufank hat hien domat grousse Succès, huet awer no an no ëmmer méi Konkurrenz kritt, an och deemools scho gouf et illegal Kopië vu senge Filmer, fir déi e kee Su kritt huet. Wéi sech och d'Distributioun ëmmer méi professionaliséiert huet, huet hie seng Filmer zulescht duerch der Pathé hire Reseau weise gelooss, an huet 1913 säi Studio zougemaach.
Wärend dem Éischte Weltkrich ass de Méliès als Varietékënschtler opgetrueden, huet awer säi ganzt Verméige verluer. Vill vu senge Filmer goufen als Réimaterial fir e puer Su recycléiert a si fir ëmmer verluer. Nom Krich huet hie bis 1932 vun engem klenge Buttek mat Spillgezei, an der Gare Montparnasse, gelieft. Eréischt 1929 gouf sech u seng Pionéierroll fir de Film erënnert, an e puer Journalisten a Filmregisseuren hunn him a senger Fra et erméiglecht, an engem Altersheim zu Orly kënnen zu wunnen. Hie gouf um Kierfecht Père-Lachaise begruewen.
Wierk
[änneren | Quelltext änneren]Ongeféier 200 Filmer, déi tëscht 1896 an 1913 gedréint goufen, sinn erhale bliwwen. Si gehéieren zu deenen ënnerschiddlechste Genren, vun Dokumenter oder nogespillt Zeene vun historeschen oder aktuellen Evenementer, wéi z. B. d'Affaire Dreyfus - d'Kréinung vum Edvard VII. huet hien "no"gedréint, nach éier dës geschitt war - bis zu phantasievolle Geschichtercher, zum Deel inspiréiert vu literareschen Texter. Sou huet de Méliès zum Beispill mat Le Voyage dans la Lune 1902 de Roman vum Jules Verne mam selwechten Titel "verfilmt", a sou deen éischte Science-Fiction-Film iwwerhaapt geschaf.
Filmer (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]
|
|
Documentairen
[änneren | Quelltext änneren]- 1952: Le Grand Méliès. Regie: Georges Franju
- 2012: Georges Méliès: À la conquête du cinématographie. La Cinémathèque Française/StudioCanal, Paris (3 DVDen an e Bichelchen)
- 2012: Georges Méliès: Die Magie des Kinos. Arthaus/Kinowelt (2 DVDen an e Bichelchen)
Rezeptioun
[änneren | Quelltext änneren]De Brian Selznick huet 2007 a sengem Roman The Discoovery of Hugo Cabret erzielt, wéi e Jong, den Hugo Cabret, de Méliès a sengem Spillsaachebuttek, an duerno seng Filmer, entdeckt. De Martin Scorsese huet dësen 2011 ënner dem Titel Hugo Cabret verfilmt.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Georges Méliès. Magier der Filmkunst (= KINtop. Bd. 2). Stroemfeld u. a., Basel u. a. 1993, ISBN 3-87877-782-5.
- Maurice Bessy, Lo Duca: Georges Méliès, mage . Pauvert, Paris 1961.
- Jacques Deslandes: Le Boulevard du Cinéma à l'Époque de Georges Méliès (= 7e art. Bd. 36, ISSN 0768-1496). Les Éditions des Cerf, Paris 1963.
- Elisabeth Ezra: Georges Méliès. The Birth of the Auteur. Manchester University Press, Manchester u. a. 2000, ISBN 0-7190-5396-X.
- John Frazer: Artificially Arranged Scenes. The Films of Georges Méliès. G. K. Hall, Boston MA 1979, ISBN 0-8161-8368-6.
- Paul Hammond: Marvellous Méliès. Gordon Fraser Gallery, London u. a. 1973, ISBN 0-900406-38-0.
- Jacques Malthête, Laurent Mannoni (Hrsg.): Méliès. Magie et cinéma. Paris musées, Paris 2002, ISBN 2-87900-598-1 (Katalog vun enger Ausstellung, 26. Abrëll bis 1. September 2002).
- Laurent Mannoni, Jacques Malthête: L'œuvre de Georges Méliès. Éditions de la Martinière, Paris 2008, ISBN 978-2-7324-3732-3.
- Georges Sadoul: Georges Méliès. Présentation et Bio-Filmographie. Choix de Textes, Correspondance et Propos de Méliès, Scénarios, Impressions et Témoignages, Bibliographie, Documents Iconographiques. Éditions Seghers, Paris 1961.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Georges Méliès – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Georges Méliès
- Offiziell Websäit iwwer de Georges Méliès vun der Pauline Duclaud-Lacoste Méliès
- Fiche op der Websäit vun der Cinémathèque française
- Filmpionier Méliès: Der Magier mit der Kamera op einestages.de
- Georges Méliès: Der Demiurg des Kinos op critic.de