Stop-Motion

Vu Wikipedia

Stop-Motion ass eng Filmtechnik, bei där eenzel Biller vun onbeweegleche Motiver opgeholl ginn, déi sech vu Bild zu Bild liicht änneren, a sou, beim Oflaf, d'Illusioun vu Beweegung entsteet.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Mary and Gretel (1916)

D'Stop-Motion-Technik war schonn um Enn vum 19. Joerhonnert bekannt a gouf vum Filmpionéier Georges Méliès 1896 eng éischt Kéier agesat. Ëm 1910 si mat den Zeechentrick- a Poppentrickfilmer, déi op där Technik baséieren, eegestänneg Genren entstanen.

D'Stop-Motion gouf am Laf vun de Joren ëmmer méi perfektionéiert an huet a fantastesche Filmer wéi dem Willis O’Brien sengem The Lost World (1925) a King Kong (1933) groussen Androck gemaach. Virun allem de Ray Harryhausen huet vun den 1950er Joren un d'Technik ëmmer méi verfeinert. Filmer wéi The 7th Voyage of Sinbad oder Jason and the Argonauts gëllen haut als Klassiker vum Fantasy-Genre.

D'Stop-Motion Technik gouf nach bis an d'1980er Joren a bekannte Filmer, wéi Terminator, Star Wars Episod IV bis VI oder Clash of the Titans agesat. Zanterhier gëtt a Spillfilmer bal nëmme méi op Computeranimatioun zeréckgegraff, wann et drëm geet, Monsteren, Dinosaurier oder änlecht Gedéiesch an den Asaz ze bréngen.

Och wann am Beräich vun den Trickfilmer ëmmer méi an ëmmer méi perfekt computeraniméiert Filmer gemaach ginn, bleift de Stop-Motion-Trickfilm als Genre bestoen, sief et am Zeechentrickfilm (Dessins-animéen) oder am Poppentrickfilm (wéi z. B. d'Filmer aus den Aardman Animations Studioen).

Lëtzebuergesch Regisseure vu Stop-Motion-Filmer sinn ë. a. den Daniel Wiroth (Fragile (1997), Elegant (2004)) an de Carlo Vögele (Una furtiva lagrima).