Georges Rayet
Ausgesinn
| Georges Rayet | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
12. Dezember 1839 Bordeaux |
| Gestuerwen |
14. Juni 1906 Bordeaux |
| Nationalitéit | Frankräich |
| Educatioun | École normale supérieure |
| Aktivitéit | Astronom |
| Gielercher | Janssen-Medail |
|
| |
De Georges Antoine Pons Rayet, gebuer den 12. Dezember 1839 zu Bordeaux, an och do gestuerwen de 14. Juni 1906, war e franséischen Astronom.
Am Joer 1863 huet hien am Paräisser Observatoire geschafft. 1878 hat hien den Observatoire zu Bordeaux gegrënnt a war bis zu sengem Doud Direkter vun dësem Observatoire. Hien an de Charles Wolf haten am Joer 1867 eng Zort Stären entdeckt, déi haut Wolf-Rayet-Stäre genannt ginn. Den 18. August 1868 huet hien zesumme mam Édouard Stephan a Félix Tisserand un enger Sonnendäischtert-Expeditioun op d'Hallefinsel Melaka deelgeholl.
Eng Héichschoul an der Gemeng Floirac am Departement Gironde dréit säin Numm.
