Georges Wivenes

Vu Wikipedia
Georges Wivenes
Gebuer 31. Dezember 1954
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Université Nancy-II
Aktivitéit Affekot, Politiker
Partei CSV

De Georges Wivenes, gebuer den 31. Dezember 1954 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass e lëtzebuergesche Jurist a war bis zu senger Pensioun Procureur général d'État adjoint.

Den 1. August 2006 gouf hien zum Member vum Staatsrot ernannt, wou hien de Charles Ruppert ersat huet. De 15. November 2015 gouf hien ee vun de Vizepresidenten an den 30. Mäerz 2016 President vun där Institutioun.[1]

Am September 2016 huet hien d'Pensioun an der Magistratur geholl, säin Nofollger gouf de Premier avocat général Jeannot Nies.[2]

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Georges Wivenes – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Conseil d'État du Grand-duché de Luxembourg: Membres depuis 1857, op conseil-etat.public.lu, 22.07.2016.
  2. Jeannot Nies löst Georges Wivenes ab wort.lu 26. Abrëll 2016
  3. Memorial B n° 100 vun 2011 mat der Lëscht vun de Leit déi 2011 eng national Auszeechnung kritt hunn