Gergova (Baach)

Vu Wikipedia

D'Gergova ass eng Baach an der Belsch an der Provënz Léck um Territoire vun der Gemeng Aywaille.

Si entsteet aus dem Zesummelaf vun e puer klenge Baachen déi hir Quellen um Plateau vu Belva a Beauregard eng ronn 3.800 Meter ëstlech vu Remouchamps op enger Héicht vun 355 m hunn.

Se leeft vun do de ganzen Zäit no Westen, fir zu Remouchamps op enger Héicht vun 135 m an d'Amblève ze lafen.