Giovanni Bianchini

Vu Wikipedia
Giovanni Bianchini
den Giovanni Bianchini. In: Luminarium atque planetarum motuum tabulae octoginta quinque
Gebuer 1410 jul.
Gestuerwen 1469 jul.
Aktivitéit Astronom

Den Giovanni Bianchini, gebuer am Joer 1410 a gestuerwen no 1469 (Geléiertenumm: Johannes Blanchinus) war en italieeneschen Astronom a Professer, deen zu Ferrara dozéiert huet.

Hien hat sech duerch d'Publikatioun an den Alfonsineschen Tafelen mat astronomeschen Tabellewierker verdéngt gemaach. Mat hirer Hëllef konnten d'Positioune vun de Planéite berechent ginn. D'Wierk war am Joer 1458 fir d'éischt erauskomm an no sengem Doud bis an d'16. Joerhonnert méi dacks nei opgeluecht ginn (1495, 1526, 1553, 1575).

De Moundkrater Blanchinus gouf 1935 vun der I.A.U. no him genannt.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Ludwig Anton Birkenmajer: Flores Almagesti. Ein angeblich verloren gegangener Traktat Giovanni Bianchini's, Mathematikers und Astronomen von Ferrara aus dem XV. Jahrhundert. Krakau 1911
  • G. Boffito: Le Tavole astronomiche di Giovanni Bianchini. Da un codice della Coll. Olschki. Florenz 1908
  • Armin Gerl: Trigonometrisch-astronomisches Rechnen kurz vor Copernicus : der Briefwechsel Regiomontanus-Bianchini. Steiner, Stuttgart 1989
  • José Chabás, Bernard R. Goldstein: The astronomical tables of Giovanni Bianchini. Brill, Leiden & Boston 2009
  • Lynn Thorndike: Giovanni Bianchini in Paris Manuscripts. In: Scripta Mathematica, Bd. 16, 1950, S. 5–12 und 169–180
  • Lynn Thorndike: Giovanni Bianchini in Italian manuscripts. In: Scripta Mathematica, Bd. 19, 1953, S. 5–13