Gipi

Vu Wikipedia
Gipi
Gebuertsnumm Gianni Pacinotti
Gebuer 12. Dezember 1963
Pisa
Nationalitéit Italien
Aktivitéit Filmregisseur, Comicauteur, Dréibuchauteur, Schauspiller, Illustrateur, Regisseur

Den Gian Alfonso Pacinotti, gebuer den 12. Dezember 1963 zu Pisa, a bekannt ënnert dem Kënschtlernumm Gipi, ass een italieeneschen Zeechner, Filmeschreiwer an Auteur.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Gipi huet seng Karriär am Beräich vun der Publicitéit a vum Marketing ugefaangen. Seng éischt Geschichten a Form vun Illustratiounen a Comicke goufen 1992 bei Cuore, Blue, Il Clandestino, Boxer, Il Manifesto, Lo Straniero a La Repubblica verëffentlecht.[1].

De Gipi huet säi Wee zum Comic iwwert reng Geschichtenerziele fonnt. Ugefaangen huet hien als klenge Bouf mat der Kamera. De Comic huet sech duerchgesat well en am einfachsten a schnellsten ze verwierklechen ass a weeder aner Leit nach technesch Hëllefsmëttel brauch. Mat der Zäit huet dem Gipi de Comic ëmmer méi zougesot.

Hien zeechent meeschtens mat Ueleg an Aquarellen an dréckt sech an engem abenteuerleche Realismus aus.

Des Weideren huet hien d'Anthologie Esterno Notte erausginn an en ënnerriicht op der Konschtakademie[Wou ?].[2].

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Seng Graphic Novel Appunti per una Storia di Guerra (Notes pour une histoire de guerre, Notes for a War Story) gouf vu Coconino Press gedréckt an ass och a Frankräich an an den USA vu First Second Books publizéiert ginn. Domat huet hien de Goscinny-Präis 2005 fir de beschte Skript gewonnen a gouf 2006 um Festival international de la bande dessinée vun Angoulême mam Präis fir dat bescht Buch ausgezeechent. D'Geschicht dréint ëm dräi jonk Männer an engem net spezifesch festgeluechten europäesche Land, dat vum Krich verwüüst gouf. Sou huet den Gipi an der italieenescher Versioun de Stied italieenesch Nimm ginn, an der franséischer Versioun sinn et franséisch Nimm. Hie wollt dem Lieser domat net d'Méiglechkeet gi fir sech vum Krich ze distanzéieren. Et soll een driwwer nodenken, datt déi Gewalt iwwerall ausbrieche kéint.

Dat konnt hie maachen, well hie Franséisch kann an och eng Zäit zu Paräis gewunnt huet [3].

Ënner anerem ass nach Gli Innocenti (The Innocents) ënnert senger Fieder entstanen. Heifir krut hien 2006 eng Nominatioun fir den Eisner Award an ee Max & Moritz Präis. An där Geschicht geet et ëm en Ex-Gangster, dee säi jonken Neveu mat bei d'Mier hëlt, fir en ale Frënd ze besichen. Dee war grad aus dem Prisong entlooss ginn, fir ee Crime, deen en net begaangen hat.

2014 huet de Gipi mat sengem Comic Unastoria et ënnert di zwielef Finalisten am Strega Präis gepaakt. Hie war domat den éischten Auteur dem säi Comic-Roman fir dëse Literaturpräis nominéiert gouf an huet domat och zu enger Debatt iwwer de Status vum Comic an der Literatur Zeen bäigedroen.

2000 huet den Gipi Santa Maria Video gegrënnt, ee Studio, an deem e Video- an Animationsshorts produzéiert.[1] Säin Debut als Regisseur, The Last Earthling, gouf um 68. Internationale Filmfestival vun Venedeg uropgeféiert.

2015 huet hien erfollegräich Crowdfunding bedriwwen a Bruti an d'Liewe geruff, e Kaartespill fir Nahfkämpf tëscht Krichsleit an Zauberer, dat an enger donkeler Fantasie mat mëttelalterlechem Flair spillt. Den Gipi huet fir d'Spill all eenzel Kaart entworf an illustréiert. D'Deluxe-Versioun vum Reegelbuch enthält ee laangen Aféierungs-Comic.[4]

Graphic novels[änneren | Quelltext änneren]

Den Gipi publizéiert seng Graphic Novels zanter den 90er bei Coconino Press.

Kuerzgeschichten[änneren | Quelltext änneren]

  • Quella sera accadde una cosa, bei «Blue», nn. 63-64, 1996.
  • Effetti collaterali, bei «Blue», nn. 63-64, 1996.
  • I ricchi, bei «Blue», n. 65, 1996.
  • Intervista, bei «Blue», n. 66, 1996.
  • Stella, bei «Blue», n. 67, 1996.
  • Il freddo, bei «Blue», n. 69, 1996.
  • La ragazza di plastica, bei «Blue», n. 94, 1998.
  • Appuntamento a Venezia, bei «Blue», n. 95, 1999.
  • L'animaletto di Walt Disney, bei «Blue», n. 98, 1999.
  • Donne nude tra le nuvole, bei «Blue», n. 99, 1999.
  • Diario di fiume, bei «Blue», nn. 112-113, 2000.
  • Il pugile, bei «Black», n. 5, 2003.
  • Gli Innocenti, Bologna, Coconino Press, 2005. ISBN 8876180109
  • L'uomo con la giacca rossa, bei «La Domenica di Repubblica», 24 Dezember 2005.
  • Hanno ritrovato la macchina, Bologna, Coconino Press, 2006. ISBN 887618029X
  • Due funghi, bei «Canicola», n. 3, 2006.
  • L'anno nuovo, bei «Internazionale», n. 674, 2006.
  • Dramma marocchino, am Paroles sans papier, Parigi, Éditions Delcourt, 2007. ISBN 978-2-7560-1085-4
  • Come sono diventato così?, bei «Le Monde diplomatique», 2008.
  • Nelle vostre mani, bei «Internazionale», n. 768, 2009.
  • La storia d'Italia, bei «Internazionale», n. 782, 2009.
  • Il cacciatore di cuori, bei «Animals», n. 1, 2009.
  • Il genio, bei «Animals», n. 2, 2009.
  • Io, te, il demonio e la magia nera, bei «Animals», n. 3, 2009.
  • Una storia sulla merda, bei «Animals», n. 4, 2009.
  • Il mondo moderno, bei «Animals», n. 5, 2009.
  • 2012, bei «Animals», n. 7, 2009.
  • La battaglia delle Ardenne, in Match de Catch à Vielsalm, Bruxelles, Frémok, 2009. ISBN 978-2-350-65031-9
  • Charlie Hebdo, bei «Internazionale», n. 1 086, 2015.

Sammelbänn an Anthologien[änneren | Quelltext änneren]

  • Diario di fiume e altre storie, Coconino Press, 2009. ISBN 978-88-7618-153-5
  • Verticali, Bologna, Coconino Press, 2009. ISBN 8876181520
  • Baci dalla provincia (Dei zwo Geschichten: Gli innocenti an Hanno ritrovato la macchina), Bologna, Coconino Press, 2011. ISBN 9788876181689
  • Boschi mai visti (Anthologie vu Geschichte vun 1994 bis 2003, ursprénglech verëffentlecht bei Cuore, Boxer a Blue), Bologna, Coconino Press-Fandango, 2018. ISBN 9788876184253
  • Effetti collaterali. Storie - Volume 1 (Kuerzgeschichten a Biller vun 1994 bis 1998), collana Gipi n. 8, Roma, Repubblica-L'Espresso, 2018.
  • Il pugile. Storie - Volume 2 (Kuerzgeschichten a Biller vun 1998 bis 2005), collana Gipi n. 9, Roma, Repubblica-L'Espresso, 2018.
  • Il cacciatore di cuori. Storie - Volume 3 (Kuerzgeschichten a Biller vun 2006 bis 2015), collana Gipi n. 10, Roma, Repubblica-L'Espresso, 2019.
  • Il mondo moderno (Anthologie vu Geschichte vun 2003 bis 2015, ursprénglech verëffentlecht bei Animals, Internazionale an Le Monde diplomatique), Bologna, Coconino Press-Fandango, 2019. ISBN 9788876184383

Illustratiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Proserpina e Mida (Text vum Nathaniel Hawthorne, illustréiert vum Gipi), Roma, Editori Riuniti, 2003. ISBN 8835953324
  • Europa e Pandora (Text vum Nathaniel Hawthorne, illustréiert vum Gipi), Roma, Editori Riuniti, 2003. ISBN 9788835953319
  • Ricerca di base. Inediti e incompiute (Sammlung vu Cartoone a Skizzen), collana Gipi n. 11, Roma, Repubblica-L'Espresso, 2019.
  • Fiducia nell'acqua. Illustrazioni e disegni (Sammlung von Illustratiounen an Aquarellen), collana Gipi n. 12, Roma, Repubblica-L'Espresso, 2019.
  • Una volta sono stato buono (Sammlung vu schrëftleche Gedanken a Geschichte vun 1999 bis 2015), collana Gipi n. 13, Roma, Repubblica-L'Espresso, 2019.
  • Bruti (Sammlung vun Illustratiounen a Konzepter fir d'Rollespill), collana Gipi n. 14, Roma, Repubblica-L'Espresso, 2019.
  • L'ultimo terrestre (Sammlung vu Skizzen, Bildmaterial, Dréibuchskizzen zum Film), collana Gipi n. 15, Roma, Repubblica-L'Espresso, 2019.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2004 - Micheluzzi Präis fir "beschten Zeechner" fir Esterno notte
  • 2005 - René Goscinny Präis fir Notes pour une histoire de guerre
  • 2006 - Präis fir de beschten Album um Festival d'Angoulême fir Notes pour une histoire de guerre[5]
  • 2006 - Micheluzzi Präis fir déi bescht Zeechnung vun der band dessinée fir Le Local
  • 2006 - Max und Moritz Präis fir bescht auslännescht Comicbuch fir Les Innocents
  • 2006 - Gran Guinigi fir bescht Kuerzgeschicht fir Hanno ritrovato la macchina
  • 2008 - Bescht auslännesch Aarbecht a Spuenien um Barcelona Comic Salon fir S .
  • 2010 - Prix Micheluzzi fir déi bescht Kuerzgeschicht fir Il Mondo moderno
  • 2012 - Éischte Präis fir L'ultimo terrestre bei der 2. Oplag vum Asti Film Festival
  • 2017 - Ouest-France - Quai des Bulles Präis fir La Terre des fils
  • 2017 - Prix de la meilleure bande dessinée de science-fiction fir La Terre des fils
  • 2017 - Grand Prix RTL de la bande dessinée fir La Terre des fils
  • 2018 - Grand prix de la critique fir La Terre des fils
  • 2018 - Finaliste vum Prix des libraires du Québec Kategorie BD hors Québec, pour La Terre des fils

Iwwersetzungen[änneren | Quelltext änneren]

Den Gipi huet an Italien, Frankräich, Däitschland, Spuenien an an den USA publizéiert.

Franséisch Iwwersetzungen:[änneren | Quelltext änneren]
  • Extérieur nuit (Esterno notte), éditions Vertige Graphic/Coconino Press, 2005
  • Le Local (Questa è la stanza), éditions Gallimard, collection Bayou, 2005
  • Baci dalla provincia, série, éditions Vertige Graphic/Coconino Press, collection Ignatz
  1. Les Innocents (Gli innocenti), 2005
  2. Ils ont retrouvé la voiture (Hanno ritrovato la macchina), 2006
Däitsch Iwwersetzungen:[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 https://www.lambiek.net/artists/g/gipi.htm
  2. https://giubanski.files.wordpress.com/2016/11/gipi.pdf
  3. https://www.wordswithoutborders.org/article/taken-from-life-an-interview-with-gipi/
  4. https://boardgamegeek.com/boardgame/178835/bruti
  5. Interview