Giulietta Masina
Giulietta Masina | |
---|---|
![]() | |
Gebuer | 22. Februar 1921 |
Gestuerwen |
23. Mäerz 1994 Roum |
Doudesursaach | Longekriibs |
Nationalitéit | Kinnekräich Italien, Italien |
Educatioun | Universitéit La Sapienza |
Aktivitéit | Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Schauspiller, Dréibuchauteur |
Famill | |
Bestuet mat | Federico Fellini |
D'Giulietta Anna Masina, gebuer den 22. Februar 1921 zu San Giorgio di Piano an der Provënz Bologna a gestuerwen den 23. Mäerz 1994 zu Roum, war eng italieenesch Schauspillerin.
Hir gréisste Rollen hat si an de Filmer vun hirem Mann, dem Regisseur Federico Fellini, dee se 1943 bestuet hat: a La Strada, Le notti di Cabiria (woufir se zu Cannes de Präis fir déi bescht Schauspillerin krut), Giulietta degli spiriti oder a Ginger e Fred.
Wéi se um Enn manner Schauspillrolle proposéiert krut, huet si Texter fir Televisiounsprogrammer geschririwwen.
Filmographie (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]
- 1951: Luci del varietà
- 1952: Lo sceicco bianco
- 1953: Ai margini della metropoli
- 1954: La strada
- 1957: Le notti di Cabiria
- 1959: Jons und Erdme
- 1959: Das kunstseidene Mädchen
- 1965: Giulietta degli spiriti
- 1969: The Madwoman of Chaillot
- 1985: Ginger e Fred
- 1985: Perinbaba
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Giulietta Masina – Biller, Videoen oder Audiodateien |