Gong

Vu Wikipedia
Gong

E Gong ass e metallenen Idiophon fir drop ze schloen, dee meeschtens aus Bronz ass. De Begrëff staamt aus dem Indoneeseschen.

De Gong besteet aus enger ronner Plack, mat oder ouni Bockel, där hire Bord méi oder manner ëmgebéit ass. Gonge kënne gestëmmt sinn oder och net.

Fir d'éischt ernimmt gouf de Gong am 10. Joerhonnert an enger javanescher Fassong vum Ramayana.

D'Instrument gëtt gebraucht, fir der Orchestermusek en asiatesche Faarftoun ze ginn, wéi am Puccini sengen Operen Madama Butterfly oder Turandot.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gongs – Biller, Videoen oder Audiodateien