Gorch Fock (1958)

Vu Wikipedia
Gorch Fock (1958)
Donnéeë vum Schëff
Schëffstyp Drei-Mast-Stol-Bark
Schëffsklass Seegelschoulschëff Klasse 441A
GL + 100 A 4 (E)
Bauufank: 24. Februar 1958
Stapellaaf (Schëffsdaf): 23. August 1958
An Déngscht geholl: geliwwert: 17. Dez. 1958
Bauwerft: Blohm + Voss zu Hamburg
Baunummer: 804
Equipage: 269 Persounen: Kommandant, 9 Offizéier, Dokter, Meteorolog, 36 Ënneroffizéier, 21 Mannschaften, 150 - 200 Offiziers- an Ënneroffizéierskandidaten
Käschten: 8,5 Milliounen DM
Technesch Donnéeën
Vermiessung: 3.181 BRT
2.534 NRT
Waasserverdrängung: zirka 2.006 t
Längt: CWL: 81,26 m
iwwer alles: 89,4 m
Breet: 12 m
Déifgank: 5,25 m
Masthéicht iwwer Waasser: Vir- a Grousstopp iwwer CWL 45,30 m, Besantopp 40 m
Seegelfläch: 2037 m²
Maschinnen: Deutz-MWM-Diesel BV6M628
Zuel vu Schrauwen: 1 Verstellpropeller Ø 2,50 m
Leeschtung: 1.240 kW (1.690 PS)
Héchstvitesse: Motor: max 12,00 kn, Seegel: max 18,20 kn
Aktiounsrayon: zirka 1.100 sm bei 10,00 kn
Status
am Déngscht

Gorch Fock ass den Numm vu zwee souzesoe baugläiche Schëffer. Si goufen nom Schrëftsteller Gorch Fock genannt. Dësen Artikel bezitt sech op dat zweet Schëff vun 1958 mat dem Numm Gorch Fock (1958), also op d'Seegelschoulschëff Gorch Fock vun der Däitscher Marinn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Fir déi nei geschaf Bundesmarine gouf 1958 d'Seegelschoulschëff Gorch Fock an Déngscht geholl, dat bis haut déi Funktioun an der Däitscher Marinn nach ëmmer erfëllt. Grad wéi déi éischt Gorch Fock (1933) vun der Reichsmarine, gouf se bei Blohm + Voss gebaut. D'Schëff ënnersteet der Marinneschoul Mürwik, säin Heemechtshafen ass Kiel.

D'Gorch Fock ass no de selwechte Pläng gebaut wéi déi sukzessiv Schwësterschëffer vun der éischter Gorch Fock, nëmme méi grouss. Allerdéngs goufen nom Ënnergank vun der Pamir 1957 d'Sécherheetsstandarden däitlich verbessert. All Offizéieschkandidate vun der Däitscher Marinn ginn am Kader vun enger Ausbildungsrees an d'Ausland, um Schëff forméiert, och d'Ënneroffizéier vum sougenannte "seemänneschen Déngscht". Kommandant vum Schëff ass zanter 2006 de Kapitän Norbert Schatz.

Schwësterschëffer[änneren | Quelltext änneren]

  • Gorch Fock (I), 1949 - 2003 Towarischtsch
  • Eagle, 1936 - 1946 Horst Wessel, Schoulschëff an den USA
  • Sagres, 1938 - 1948 Albert Leo Schlageter, portugisescht Schoulschëff
  • Mircea, rumänescht Schoulschëff
  • Mercator, belscht Schoulschëff, (1951-1960)

Billergalerie[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Frank Grube, Gerhard Richter: Das große Buch der Gorch Fock. Edition Maritim, Hamburg 1998, ISBN 3-922-117-06-6
  • Rudolf Titzck u.a.: Segelschulschiff Gorch Fock. Koehler, Herford 1985 ISBN 3-7822-0375-5
  • Otmar Schäuffelen: Die letzten grossen Segelschiffe. 10. Aufl. Delius-Klasing, Bielefeld 2002, ISBN 3-7688-0483-6
  • Hans Freiherr von Stackelberg, Im Kielwasser der Gorch Fock, Koehler, Hamburg, 2000, 3. Auflage, ISBN 3-7822-0797-1

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gorch Fock (1958) – Biller, Videoen oder Audiodateien