Gottlob Frick

Vu Wikipedia
Gottlob Frick
Gebuer 28. Juli 1906
Ölbronn-Dürrn
Gestuerwen 18. August 1994
Mühlacker
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Sänger, Operesänger

De Gottlob Frick, gebuer den 28. Juli 1906 zu Ölbronn, a gestuerwen den 18. August 1994 zu Mühlacker, war en däitsche Bass-Sänger.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Gottlob Frick ass als jéngst vun 13 Kanner an engem Fierschterhaus opgewuess. Seng aussergewéinlech Bassstëmm ass fréi opgefall an hien huet 1927 am Chouer vun der Stuttgarter Staatsoper gesongen. Fir d'éischt als Solist stoung de Frick 1934 an der Roll vum Daland am Der fliegende Holländer op der Bün vum Landestheater vu Coburg. No e puer Emweeër zu Freiburg im Breisgau an zu Königsberg (Ostpreußen), wou de Karl Böhm de Sänger 1939 héiert an hien direkt engagéiert fir an d'Staatsoper op Dresden. Do sollt de Frick bis 1950 bleiwen, an all wichteg Bassrolle sangen: den Osmin, de Sarastro, de Rocco a seng léifst Roll, de Philipp den Zweeten an d'Wagner-Bassrollen.

Du goung et hin an hier: 1950 bis 1953 un der Städtischen Oper Berlin, 1957 bis 1967 als Gaascht un der Covent Garden Oper zu London. Dann 1960 bis 1964 séngt hien op de Bayreuther Festspiele de Pogner, den Hunding, den Hagen and de Fasolt.

1970 huet de Mann mat der breder, donkel timbréierter, déiwer Bassstëmm säin Äddi vun der Bün geholl.

Rollen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]