Grad Oechsle

Vu Wikipedia
Wënzer beim Moosse vun Oechslegrade mat engem Refraktometer
Bléck duerch den Okular vun engem Handrefraktometer:
Ofgeliesene Wert: 47 °Oechsle

Grad Oechsle (oder Oechslegrad, ofgekierzt ° Oechsle oder ° Oe) ass eng Unitéit fir d'Moschtgewiicht, also den Undeel vum Zocker am Drauwemoscht unzeginn; se ass no hirem Erfinder Ferdinand Oechsle genannt.

Den Zockerundeel ass fir de Wënzer wichteg fir erauszefanne wéini et Zäit ass fir d'Drauwen ze liesen. Fir de Konsument ass den Oechslegrad besonnesch bei Dessertwäiner interessant well en ugëtt wéi vill Reschtzocker am Wäin dran ass.

Zu Lëtzebuerg muss eng Spéitlies op d'mannst 95° Oe, den Äiswäin op d'mannst 120° Oe an de Stréiwäin op d'mannst 130° Oe hunn. Abëns vun de genannte Wäiner louch d'Moschtgewiicht fir d'Recolte 2013 an der Moyenne bei 73° Oe[1].

International[änneren | Quelltext änneren]

D'Moschtgewiicht gëtt haaptsächlech an Däitschland, der Schwäiz an zu Lëtzebuerg a Grad Oechsle gemooss; a Frankräich an a Spuenien ass d'Unitéit Grad Baumé am Gebrauch, an den engleschsproochege Länner éischter Grad Brix.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Donnéeë vum Institut viti-vinicole „Das Weinjahr 2013 und seine Ernteergebnisse“, Säit 39