Grindelwald
| Grindelwald | |
|---|---|
|
| |
|
| |
| Land | Schwäiz |
| Awunner | 4.061 |
| 1. Januar 2017; 31. Dezember 2017; 31. Dezember 2018; 31. Dezember 1981; 31. Dezember 1982; 31. Dezember 1983; 31. Dezember 1984; 31. Dezember 1985; 31. Dezember 1987; 31. Dezember 1988; 31. Dezember 1989; 31. Dezember 1990; 31. Dezember 1991; 31. Dezember 1992; 31. Dezember 1993; 31. Dezember 1994; 31. Dezember 1995; 31. Dezember 1996; 31. Dezember 1997; 31. Dezember 1998; 31. Dezember 1999; 31. Dezember 2000; 31. Dezember 2001; 31. Dezember 2002; 31. Dezember 2003; 31. Dezember 2004; 31. Dezember 2005; 31. Dezember 2006; 31. Dezember 2007; 31. Dezember 2009; 31. Dezember 2012; 31. Dezember 2011; 31. Dezember 2014; 31. Dezember 2013; 31. Dezember 2015; 31. Dezember 2016; 31. Dezember 2018; 1764; 31. Dezember 2024 | |
| Fläch | 171,28 km² |
| Héicht | 1.034 m |
| Koordinaten | 46°37'32"N, 8°2'0"O |
| Telefonszon | 033 |
| Postcode | 3818 |
| Websäit | http://www.grindelwald.com |
|
| |
|
| |

Grindelwald ass eng Uertschaft am Berner Oberland an der Schwäiz. Si läit um Fouss vum Eiger an ass bekannt wéinst hire Wantersport-Méiglechkeeten.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Grindelwald läit wäit verstreet an engem Dallkessel, deem vun der Schwarzen Lütschine tëscht Eiger, Wetterhorn, Fiescherwand a Faulhorn. Seng Gletscher, den Ënneschten - an den Ieweschte Grindelwaldgletscher, déi vun eppes 1590 - 1880 bis virun d'Duerf erukoumen an déi der Uertschaft den Numm Gletscherduerf ginn hunn, gi gär besicht.
D'Uertschaft lieft besonnesch vum Tourismus. Am Wanter vun de Schifuerer, am Summer vun den Touristen, déi wanderen a spadséiere ginn, an d'Méiglechkeet hunn, fir déi schéi Landschafte mat den dräi Monsterbierger: Eiger, Mönch a Jungfrau ze gesinn. De Friemeverkéier huet eng laang Traditioun. Scho fréi ass versicht ginn, de Gäscht d'Bierger méi no ze bréngen. Am Zesummenhank mam Wetterhorn, ee vun de Symboler vu Grindelwald, sollt drun erënnert ginn, datt do ganz fréi e Lift gebaut gouf. An déi Einheimesch sinn houfreg, fir drun z'erënneren, datt de Wetterhorn-"Lift" déi eelst Seelbunn vun der Welt war.
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- Mat der Gondelbunn op de Männlichen
- Mam Sessellift op de First
- Mat der Biergbunn op d'Kleine Scheidegg
- Mat dem Bus op d'Grosse Scheidegg
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Fotoe vum Eiger
- Schwäizer Schigebidder
- Offiziell Säit vu Grindelwald
- Offiziell Säit vu Wengen a Mürren
- Offiziell Säit vun der Wengernalpbahn
- Offiziell Säit vun der Jungfraubahn
| Commons: Grindelwald – Biller, Videoen oder Audiodateien |


